13/08/10 23:46 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric |
Toy Story vun 1995 war net nëmmen deen éischten Film vun der Entreprise Pixar, mä iwwerhaapt deen éischten kompletten Kinos-Spillfilm an CGI (Den Steve Jobs, Matgrënner vun Pixar, hat domat säin éischten Succès gefeiert). Och wann d'3D-Grafiken vun deemools haut längst iwwerholl sinn, waren d'Léift zum Detail an der Animatioun revolutionär. Cleveren Humor, vill Uspillungen an Raffinessen hunn dofir gesuergt dass
Toy Story net nëmmen déi Kleng ugesprach huet.
weider liesen... 29/07/10 12:27 Klasseiert an:
de Mënsch | Philovum Pascal | Während der japanescher Téizeremonie ass een wuel um Ufank vun deem wat do passéiert total ageholl, mat allen Sënner; souwuel als Beobachter, wie och als Zeremonienmeeschter. No joerelaanger Praxis verännert sech déi eegen Siicht, woubäi een selwer, als Uwesenden, sou eng geréng Roll anhëllt, ouni dësen Zoustand mühseeleg ervirzebréngen, sou dass d'„Maachen“ seng ur-eegenst Bedeitung erlaangt.
weider liesen... 26/07/10 17:52 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric | Den an England gebuerene Regisseur Christopher Nolan gehéiert mëttlerweil zu den ganz groussen Nimm an Hollywood. Typesch fir seng Filmer ass, dass den Nolan se ongär an genau chronologescher Reiefollege erzielt (
Following, Memento) an esouguer an sengen fantasteschen an Action-Filmer den Schwéierpunkt op d'psychologesch Déifgrënn vun sengen Protagonisten leet.
weider liesen... 29/06/10 23:24 Klasseiert an:
Philovum Pascal | Ween sech nach net laang mat taoisteschen oder zen-buddhisteschen Gedanken beschäftegt huet, kéint dozou verleet sinn,
Sënn mat enger
Zilsetzung gläichzestellen. Eist Denken ass gewinnt, sech zielgeriicht ze verhalen, eng kloer an riicht Linn ze zeien, déi sech ëmmer vun engem Ausgangspunkt zu engem Endpunkt ausdehnt, an beschtefalls raimlech, wei och zäitlech déi kierzten Distanz am iwwerdroenen Sënn ze brauchen schéngt.
weider liesen... 24/06/10 21:58 Klasseiert an:
de Mënsch | Sportvum Thomas | Wisou iwwerhaapt vun Fussball schwätzen? Jiddereen (oder bal) weess wat et ass, souguer déi Leit déi dat mam Abseits ni richteg verstanen hunn...De sprangende Punkt ass dass Fussball un sech e Spill ass, mä e Spill dat weltwäit Milliounen vun Leit unzitt, e Spill dat och e Marché huet deen sech a Milliounen voir Milliarden vun Euro chiffréiert, d.h., e Spill dat méi ass wei just e Spill...
weider liesen... 02/05/10 22:36 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric | Adaptatioune vu Superhelden-Comics wuesse jo an de letzte Joeren ongebremst aus dem Nährbuedem Hollywood, ob elo
Fantastic Four oder dee gefilltenen 53sten
X-Men-Film. An bal zäitgläich mat
Iron Man 2 ass elo och d'Verfilmung vun den
Kick-Ass-Comics an eisen Kinoen ze gesinn. An net nëmmen Comic-Geeks wäerten hei hier Freed hunn. Well
Kick-Ass trëtt dem Superhelden-Genre an aneren Klischeeë kräfteg an den A****.
weider liesen... 27/04/10 21:19 Klasseiert an:
Gesellschaft | Ethikvum Thomas | Därf ech meng Werter exporteieren oder imposeieren? A Frankräich as viru kuerzem d’Fro rem opgeworf gin, op een d’Undoen vun der Burqa oder dat vun dem Niqab an der Öffentlechkeet verbidden sollt oder net. Dei Fro as d’Resultat vun engem Kontakt tescht verschiddenen Kulturen, dei offensichtlech net einfach sou mateneen kennen koexisteieren
weider liesen... 27/03/10 23:35 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric | Tim Burton + Johnny Depp + Helena Bonham Carter + Danny Elfman + Handlung an engem fantasteschen Milieu... Eng Formule, déi schon fir vill Filmer benotzt gouf. Eigentlech kann dobäi jo net méi vill schif goen, soulaang een eppes mam Tim Burton sengem Stil ufänken kann. Mee wei vill Burton stiecht dann elo an dësem Wunderland?
weider liesen... 10/03/10 19:02 Klasseiert an:
Gesellschaft | de Mënschvum Thomas | Viru kuerzem (den 8ten März) war erëm den Weltfraendag. Kee weess genau ëm wat et do geet (ech éierlech gesot och net, bis dass ech mol nokucken war), mais en ass anscheinend ëm den éischten Weltkrich entstanen fir fir Gläichberechtegung an Wahlrecht fir Fraen ze suergen.
weider liesen... 22/02/10 16:14 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric |
Up In The Air ass deen drëtten Film vum Jason Reitman, engem Regisseur, deen den Public bis elo ëmmer iwwerzeegen konnt. No
Thank You For Smoking an
Juno widmet hien sech erëm enger Persoun, déi duerch en besonnescht Schicksal oder en besonneschen Beruff opfält.
weider liesen... 20/02/10 15:12 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric | Den Bushido, ee Rapper deen säin Bekanntheetsgrad duerch gewaltverherrlechend, vulgär, fraen- an homosexuellenfeindlech Songs erreecht huet. En Rapper deen no ëffentlechen Optrëtter an Interviews op der Televisioun zu braven an deelweis interessanten Lyrics fonnt huet. En Rapper deem säin Liewen elo vum Uli Edel (
Der Baader Meinhof Komplex) verfilmt gouf.
weider liesen... 07/02/10 21:05 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric | D'Groussmeeschter vum Absurden, d'Gebridder Ethan an Joel Coen, schreiwen, produzéieren an dréien zënter 1984 zesummen Filmer. Wat stécht also elo hannert engem Coen-Film, deen sech
A Serious Man nennt?
weider liesen... 11/01/10 18:24 Klasseiert an:
Philo | de Mënschvum Thomas | D’Liewen nom Doud ass eigentlech d’Liewen nom Liewen...an d’Liewen virum Liewen ass rëm dann och Liewen...D.h. mir liewen virum Liewen an nom Liewen liewe mer nom Doud...Bon, loosse mer d’Wuertspillereien op der Säit.
weider liesen... 08/01/10 19:54 Klasseiert an:
Philo | de Mënschvum Thomas | Den Doud ass dat, wat nom Liewen kennt. Wat dat genau soll sinn, weess keen sou genau. Sou ongeféier kéint een déi ganz Problematik hei resuméieren. Leider ass et rëm eng Kéier net sou einfach.
weider liesen... 04/01/10 16:14 Klasseiert an:
Filmkritikvum Cédric | Den James Cameron mellt sech zeréck, an dat 12 Joer no sengem letzten groussen Blockbuster Titanic. An wat en dem Public dës Kéier ënnert dem Titel Avatar presentéiert, ass matt [300 Milliounen] deen deiersten produzéierten Film iwwerhaapt.
weider liesen... 30/11/09 22:18 Klasseiert an:
Gesellschaft | de Mënschvum Thomas | Homosexualitéit, wei den Numm et schon seet (gr. homo = dat selwecht, an lat.sexus = dat männlecht oder dat weiblecht Geschlecht), ass eng sexuell Orientéierung, déi mëscht, dass een vun Leit déi dat selwecht Geschlecht hunn wei een selwer ugezunn gëtt.
Et gëtt extrem vill Nuancen an der Sexualitéit...
weider liesen... 26/10/09 22:08 Klasseiert an:
Gesellschaft | Ethikvum Thomas | Vill Leit, wann se net dat kréien, wat se gär hätten, fannen dass se ongerecht behandelt ginn (wuelverstanen, si hunn näischt gemaach, fir dat ze kréien, wat se gär hätten). Hunn sou Leit Recht? Ginn se ongerecht behandelt? Oder as hier Reaktioun einfach nëmmen kannereg?
weider liesen... 28/09/09 20:49 Klasseiert an:
de Mënsch | Gesellschaftvum Thomas | Wann et Feierowend as, dann menge mer, mer hätten fräi. Wa mer eng Entscheedung treffen kennen, da menge mer, mer wären fräi... Mais sinn mer et wierklech?
weider liesen... 16/09/09 21:09 Klasseiert an:
Schoul | Educatiounvum Thomas | D’Wuert “Schoul” kennt aus dem Griichesche “scholÄ““, wat “Fräizäit” bedeit. D’Griichen hunn Schoul net als Arbescht betruecht; fir si war Arbescht verpöhnt, och wann se noutwenneg war. An hiren Aan huet Arbescht een dovun ofgehalen,säin Geescht weider entwéckelen ze kennen. Dat konnt een nëmmen an der Fräizäit maachen, well een do eben Zäit haat fier ze leieren. De Konzeptvun “scholÄ“” huet also wéineg mat eisem Konzept vun Fräizäit ze dinn, deen oft mat “Entertainement” gläichgestallt gëtt.
weider liesen...