Film: A Serious Man | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: A Serious Man

A Serious Man (2009) - Regie: Ethan an Joel Coen

D'Groussmeeschter vum Absurden, d'Gebridder Ethan an Joel Coen, schreiwen, produzéieren an dréien zënter 1984 zesummen Filmer. Dobäi sinn Kultfilmer wei Fargo (1996) oder The Big Lebowski (1998) entstan, déi sech virun allem duerch hiren onkonventionellen Stil an hiren exzentreschen Charakteren opfalen. Wat stécht also elo hannert engem Coen-Film, deen sech A Serious Man nennt?

A Serious Man beschreift en Ausschnëtt aus dem Liewen vum Larry Gopnik, engem Physikprofesser aus der Mëttelklass, deen am Middle West lieft an mat senger Famill der jiddescher Gemeinschaft ugehéiert. Zäitlech ass dat Ganzt an den 60er Joren ugesiddelt. Enges Daags deelt dem Larry seng Fra him mat, dass se sech well scheeden loossen - si well eng Bezéiung mat engem Wittmann an Frënd vun der Famill agoen. An dat ass réischt deen éischten Problem, deen dem Larry entgéint kennt, weider Komplikatiounen trieden op. En Schüler well hien ëm eng gutt Nout bestiechen, säin Brudder gëtt wéinst Glécksspill verhaft, säin Auto gëtt an engem Accident zu Schrott gefuer, asw. An senger Nout deelt en säin Leed verschiddenen Rabbien mat, déi awer méi inkompetent wei effektiv sinn. Säin klengbiergerlecht Kaartenhaus brécht zesummen: Et ass dÂ’’altestamentlech Hiobsgeschicht am 20 Jorhonnert.




Selwer jiddesch erzunn, bauen d'Coen-Bridder vill Erfahrungen aus hirer eegener Kandheet mat an, a loossen den ganzen Film am Minnesota spillen, wou se opgewuess sinn. Den Film ass iwwerhaapt zum Deel als Ofhandlung vum Judentum ze verstoen. Dobäi ginn vill fein Elementer an Gags aus der jiddescher Kultur agebaut, déi awer zum Deel en gréissert Hannergrondkenntnis zur Religioun erfuerderen.

Den Film kennt am Geigensaatz zu den meeschten Coen-Filmer ouni grouss Hollywood-Berühmtheeten aus, an stécht trotzdem voll vun genialen Schauspiller. Dës brillant an realistesch Duerstellungen vun verschiddensten Charakteren aus dem Mëttelklassliewen droen vill zum schwaarzen Humor vun A Serious Man bäi. Mee trotz deem typeschen schwaarzen Humor wierkt en vill méi serieux an subtil wei aner Coen-Filmer. Zum Schluss riskéiert den Film zwar an Extremer ze falen, brécht dann awer plëtzlech of fir villes op ze loossen. D'Resultat dovun ass dann wei schon um Schluss vun No Country for Old Men zimlech irritéierend, an awer interessant.

A Serious Man ass also deen bis elo perséinlechsten an erwuessensten Film vun den Coen-Brothers. Matt einfachen Mëttelen beschreift en d'Ofgrënn an déi d'Mënschen geroden kënnen, an ass eng gelongen Mëschung aus Tragedie an Humor.

Cédric





| | zréck


blog comments powered by Disqus