Film: Kick-Ass | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Kick-Ass

Kick-Ass (2010) – Regie: Matthew Vaughn


Adaptatioune vu Superhelden-Comics wuesse jo an de letzte Joeren ongebremst aus dem Nährbuedem Hollywood, ob elo Fantastic Four oder dee gefilltenen 53sten X-Men-Film. An bal zäitgläich mat Iron Man 2 ass elo och d'Verfilmung vun den Kick-Ass-Comics an eisen Kinoen ze gesinn. An net nëmmen Comic-Geeks wäerten hei hier Freed hunn. Well Kick-Ass trëtt dem Superhelden-Genre an aneren Klischeeë kräfteg an den A****.

Fir d'éischt en klengen Iwwerbléck ëm wat et geet: Den Teenager an Comicfan Dave Lizewski (Aaron Johnson) behaapt vun sech einfach just ze existéieren. Vun den Meedercher ignoréiert an vun sengem Liewen enttäuscht, well hien en Superheld an d'Liewen ruffen. Ouni radioaktiv Fäegkeeten wei den Spiderman an ouni futuristesch Hightech-Waffen wei den Batman ze hunn, deet en sech also en gréngen Neopren-Kostüm an eng Skimask un an well géint d'Klengkriminalitéit kämpfen. Kee Wonner dass den Dave do fréi an der Klinik lant. Hien mëscht awer weider an gëtt duerch den Internet zum Medienphänomen. Mee anscheinend ass hien net deen éischten an eenzegen Superheld an der Ëmgéigend. An gläich hänkt him suguer en ganzt Drogekartell um Hals...



Matt där Handlung ass et verständlech dass vill Uspillungen un den Superhelden-Genre agebaut sinn, an dat alles mat Hëllef vun engem dreschenen an politesch onkorrektem Humor. Vill Gags, super Musek (dat geet vun The Prodigy bis zum Ennio Morricone) an eng verspillte Kamera bidden nach weider Referenzen an Parodien aus der Medienwelt, woubäi hei een Virbild fir den Stil vum Film ganz däitlech ze erkennen ass: den Quentin Tarantino. Vun him gouf och d'Gewaltinszeneierung iwwerholl. Et soll een sech vum Teeniefilmlook net täuschen loossen. Hai gëtt geflucht, gemetzelt an gemeuchelt, och wann een Killer knapps 11 Joer huet (gemengt as d'Hitgirl, heemlechen Held vum Film). Déi Gewaltorgien sinn wei schon an Kill Bill ästhetesch wei Ballet ëmgesaat.

Och wann den Film am Verlaf en bëssen un senger satirescher Distanz zu den Charakteren ofbaut an dann méi klassesch Erzielmethoden benotzt, gëtt en ni langweileg, och duerch d'Präsenz vun gudden Schauspiller wei dem Nicholas Cage oder dem Christopher Mintz-Plasse (bekannt aus Superbad). Dat ganzt bleift rasant wei eng Achterbunn.

Bai dësem Film wäerten Verschiddener nëmmen den Kapp kennen rëselen. Ween sech awer vun der Gewalt, dem schwaarzem Humor an dem onkonventionellen Stil net ofschrecken léisst, wäert sech prächteg amuséieren.

- Cédric





| | zréck


blog comments powered by Disqus