Ongerecht... | Gesellschaft, Ethik, Artikel | brainfood

Ongerecht...

Vill Leit, wann se net dat kréien, wat se gär hätten, fannen dass se ongerecht behandelt ginn (wuelverstanen, si hunn näischt gemaach, fir dat ze kréien, wat se gär hätten). Hunn sou Leit Recht? Ginn se ongerecht behandelt? Oder as hier Reaktioun einfach nëmmen kannereg?
Fir op dës Froen äntweren ze kennen, musse mer mol kucken, wat Gerechtegkeet iwwerhaapt as!

1. Wat as Gerechtegkeet?
Gerechtegkeet as eng Idée, dei am Laaf vun der Zäit vill verännert gin as. An der Antike as Gerechtegkeet eng innere Haltung, eng Tugend. E gerechten Mënsch mécht dat Richtegt, quitte dass en domat géint d’Gesetzer vun sengem Staat untrieden muss (c.f. Antigone). Eng gerecht Liewenshaltung huet dem Mënsch e gewëssenen Wäert ginn, an huet him et och erlaabt, den Ënnerscheet tëscht richteg a falsch z’erkennen. An der Bibel fléien den Adam an d’Eva aus dem Paradies, nodeems se vum “Bam vum Wëssen iwwert Gutt a Schlecht” eng Fruucht giess hunn, d.h. nodeems si fäeg ginn sinn, moraleschh ze denken. Gerechtegkeet war also wichteg, wann et drëms gaangen as, e gudden Mënsch ze sinn.
Hautdesdaags gesinn mer Gerechtegkeet éischter als en Zoustand, an deem jidderengem seng Interessien relativ ausbalancéiert respektéiert ginn par rapport zu den Interessien vun deenen aneren, wou d’Güter an de Räichtum och relativ balancéiert verdeelt sinn, oder wou op alle Fall fir jiddereen eng gläichméisseg
Chance besteet, seng Zieler z’erreechen.
Wa mer eis haut z.B. doriwwer opreegen, dass den Big Boss vun enger Firma grad rëm 200 Leit entlooss huet, obschonns seng Firma grad Milliounen Euro Profit mescht, da soen mer meeschtens net, dass déi Persoun ontugendhaft as. Mier reegen eis éischter doriwwer op, dass déi Leit, déi entlooss ginn sinn, hier Arbescht hätten kennen halen, well déi technesch Méiglechkeet dozou besteet! Kuerz: D’Geld as do fir si weiderhin ze bezuelen, et gëtt also kee Grond fir hinnen hier Platz eweg ze huelen (an domat dann déi Balance ze zerstéieren).
Dass den Big Boss ontugendhaft handelt, as deenen meeschten Leit egal. Déi meescht Leit hunn iwwerhaapt mol keng Ahnung, wat eng Tugend iwwerhaapt as, oder schmunzelen, wann een vun sou Saachen schwätzt.
Hin oder hier, et gëtt also verschidden Opfaassungen vun Gerechtegkeet, déi eng (antik) als mental Guideline, déi aner (modern) als Zoustand. Kucke mer eis mol un, a weiengen Domainen een vun Gerechtegkeet schwätzt.

Op alle Fall trennen mer generel Gerechtegkeet vum Gesetz, och wann am Franséischen béid Ideeën “Justice” kennen genannt ginn. “Justice” an “Droit” sinn net identesch, an oft kritiséiert een d’Gesetzer am Numm vun der Gerechtegkeet (z.B. d’Story vum Robin Hood, déi un sech ganz léif as, mais faktesch total falsch).



2. Typologie
Weieng Typen Gerechtegkeet gëtt et?
Iustitia
Als eischt gëtt et dei réimesch Göttin Iustitia, eng Personifikatioun vun der Idée vun der Gerechtegkeet. Sie interesséiert eis hei relativ wéineg, mais e bëssen Allgemengwëssen kann nie schueden.

Sozial Gerechtegkeet
An dëse Beräich falen gréisstendeels d’Froen, déi d’Chancëgläichheet uginn. Z.b. op et gerecht as, dass Fraen manner verdéngen wei Männer, dass Auslänner diskriminéiert ginn, dass Schüler aus engem Schoulsystem als mannerwäerteg ugesinn ginn par rapport zu aneren. Dat sinn also Froen, déi den Status unginn, oder d’Chance déi een huet, bestëmmten Zieler z’erreechen.

Politesch Gerechtegkeet
Hei geet et dorëms ze wëssen, weieng Rechter een huet, a weieng Pflichten. An der Antike war et oft sou, dass déi Leit, déi fir hiren Staat gekämpft hun, och doduerchh e Matsproocherecht kruten. D’Demokratie as z.B. sou zu Athen agefouert ginn (ok, dat hei as lo eng extrem Vereinfachung vun de Fakten) well d’Athener all hier Männer mat an den Kampf hu missen huelen, an dono wollten dann déi, déi bis dohin näischt ze soen haaten, dann och e Matsproocherecht (mat dem Argument dass wann se schon fir Athen stierwen, dass se dann awer och wéinstens e bëssen eppes ze soen hätten!).
Et kann een sech hei och froen, ob z.B. en Auslänner iwwerhaapt däerf sech opstellen fir Wahlen an engem aneren Land (siehe Arnold Schwarzenegger an den USA oder aaner Leit hei an der EU...komescherweis fannen vill Leit hei an der EU et onproblematesch, dass den Schwarzenegger Gouverneur vu Kalifornien as (oder wann se e Problem domat hunn, dann as et well e Schauspiller oder Bodybuilder war, net well en Eisträicher war a lo net an Eisträich politeschh Muecht huet), mais wann et dann dorëms geet dass en Auslänner an hirem eegenen Land och "nëmmen" Buergermeeschter soll ginn, dann sinn op emol vill méi Problemer do...komesch komesch).

Distributiv Gerechtegkeet
Den Inhalt vun desem Domaine kann een vum Numm hier gär mat der sozialer Gerechtegkeet verwiesselen. Hei geet et dorëms, op de Staat d’Geld gerecht verdeelt. Z.b. kéint een sech froen, op et gerecht as, dass e Chômeur iwwerhaapt subventionéiert gëtt, och wann en net schafft, während aaner Leit musse vill Steieren bezuelen obschonns se haart schaffen. Natierlech gellt déi Fro och den aneren Wee, an fällt dann an de Beräich vun der Chancëgläichheet: Muss e Chômeur net subventionéiert gin, fir dass en iwwerhaapt d’Chance huet, en geregelt Liewen ze feieren an eng Platz ze fannen?
Eng aner Fro wär déi, ob d’Steieren gerecht verdeelt sinn, oder op d’Steiergelder gerecht investéiert ginn, etc.
An dësem Kontext gëtt et extrem vill Theorien, z.B. Utilitarismus, Egalitarismus, Liberalismus, Fairness, dem Rawls seng Variant vum Sozialen Kontrakt, etc. Op déi ginn mer am Punkt 3 mei an.


Wat as Gerechtegkeet? Wat een sech méi informéiert, wat et ëmmer méi oniwwersiichtlech gëtt, mais doduerch och interessant. Kucke mer dann nach kuerz, wéini een ka soen, dass eng Situatioun gerecht as.



3. Schlussremarquen

Weini as eng Situatioun also gerecht? Hei sinn verschidden Méiglechkeeten opgezielt:
-Jiddereen kritt dat wat hien verdengt
Mais ween decidéiert wéini ween wat verdéngt huet, a wei huet en et verdéngt? Verdéngt e Schauspiller et, Milliounen ze kasséieren wann en eng Botzfra spillt, während eng Botzfra mol net usazweis souvill verdéngt, während se eis Toilette schruppt?
-Jiddereen kritt dat wat hien eroberen kann
La loi du plus fort. Dat wat ech kréien kann gehéiert mier (an dat as jo nëmme gerecht, well dann jiddereen souvill kritt wei en vun “Natur aus” verdéngt, net méi an net manner!).
-Jiddereen kritt dat selwescht
Dat geet schon mei an Richtung Kommunismus (och wann Kommunismus nach vill mei komplex as). Jiddereen kritt, onofhängeg vun dem ganze Recht, genee dat selwescht, egal op Botzfra oder Schauspiller. Des Variant klengt ganz verlockend, mais as leider net onbedéngt mam Mënsch sengem Drang, mei ze hun wei dei aaner, kompatibel.
-Jiddereen kritt dat wat hien brauch
Mais ween decidéiert, ween wat brauch? Brauche mer en Auto? Brauche mer Vakanz? Vläit brauch en Kranken mei Geld wei een Gesonden...as et also gerecht, deem Gesonden manner Geld ze gin, an en doduerch ze diskriminéieren? Oder as et net éischter gerecht, deem Kranken dat Geld mei ze gin...
-Jiddereen kritt dat wat hien well
Des Optioun as extrem interessant, well se total irréalisabel as, an dobäi och nach relativ kannereg. Wann ech wei den Superjhemp fléien well, an et awer net kann, as dat ongerecht? As d’Schicksal onfair vis-à-vis vu mier? As et net ongerecht, dass d’Welt net sou fonctionnéiert wei a mengen Dreem?
-Ech kréien dat wat ECH well
(des Variant gefält mier perséinlech am beschten, och wann ech net behaapten géif, dass se ganz gerecht as!); genee dat selwecht wei de Punkt virdrun, ausser dass e mier eben besser gefält, well et jo am Fong em mech geet a mengem Liewen... wann ech Kinnek vun der Welt well sin, an een aneren och, dann gefält des Opfaassung vun der Gerechtegkeet mer besser, well ech jo dann zu mengem kommen.
-Keen kritt iergendeppes
Dësen Punkt huet am Fong net mei vill mat Gerechtegkeet am modernen Sënn ze dinn, well wann keen eppes kritt, dann stellt sech d’Fro guer net...

Dës Lescht as lo net komplett, an sie behandelt och éischter modern Opfaassungen vun der Gerechtegkeet... d’Fro vun der Tugend as also net gekläert, och wann se a mengen Aen nach ëmmer aktuell as.

Wann der Iech elo frot, wat dann am Endeffekt Gerechtegkeet as (jo, ech weess, ech ginn zur Ofwiesselung erëm keng definitiv Äntwert), dann weisen ech op en Gedankenexperiment hin. Den John Rawls huet, a sengem Buch A Theory Of Justice, sech d’Fro gestallt, wat dann lo Gerechtegkeet wär a wei eng Gesellschaft kéint gerecht sin. Dobäi benotzt en den “Schleier vun der Ignoranz”.
D’Experiment leeft esou: Jiddereen weess, dass en soll matschaffen um Design vun enger Gesellschaft, an där en dono och wäert liewen. Wann d’Pläng fäerdeg sin, da gëtt per Lotterie decidéiert, ween de Chef gëtt, oder Clochard, asw... Keen weess also am Viraus, op weienger Platz en an der Gesellschaft wäert landen. De Rawls mengt, dass d’Leit dann sou wäerten zesummen diskutéieren, dass d’Pläng vun der Gesellschaft dono dem entspriechen, wat sie als gerecht empfannen.
Dat klengt lo abstrakt an net besonnesch lëschteg, mais et as awer interessant mol doriwwer nozedenken: Wei geif ech d’Gesellschaft organiséieren, sou dass all Mënsch se kéint gerecht fannen, deen Äermsten souwuel wei den Räichsten, den Clochard souwuel wei den Präsident?

Maja, wann der eng Äntwert hutt, de Knapp fier d’Comments as hei e bessen méi déif op dëser Säit! You know what to do!

Thomas





| | zréck


blog comments powered by Disqus