Den Doud | Philo, de Mënsch, Artikel | brainfood

Den Doud

1.Wat ass den Doud ?

Den Doud ass dat, wat nom Liewen kennt. Wat dat genau soll sinn, weess keen sou genau. Sou ongeféier kéint een déi ganz Problematik hei resuméieren. Leider ass et rëm eng Kéier net sou einfach.
Un sech hunn mer keng Ahnung wat den Doud wierklech ass. Mier wëssen net emol, wat d’Liewen ass. Wou ass den Ënnerscheet tëscht mir an engem Steen? Ech sinn lieweg, den Steen net...schéin, mä wou ass d’Grenz? Wann ech bis doud sinn, dann verfällt mäin Kierper, verwandelt sech, gëtt zur Nahrung fir aner Liewewiesen, etc...oder fossiliseiert sech a gëtt deemno wei och zum Steen. Ech brauch och Mineralien fir ze liewen...d.h. ech sinn iergendwéi steen-kompatibel, respektiv de Steen ass liewens-kompatibel. Oder, nach anescht gesot, den Steen an ech, mir sinn en Deel vun enger méi grousser Saach, an d’Grenz tëscht eis zwee ass eppes, dat et a Wierklechkeet net sou gëtt.
De Mënsch feiert jo ganz gären Ideeën an a klasséiert d’Saachen, fir sech d’Liewen méi einfach ze maachen. Wann een mat engem Steen op mech schéisst, da stellen ech mer och keng metaphysesch Froen op oder op net dee Steen an ech eppes gemeinsam hunn. Ech ginn instinktiv an Deckung (gutt, et huet nach ni een mat engem Steen op mech geschoss, dofir ass dat hei lo hypothetesch). Ëmmerhin, am Moment hunn mer jo d’Zäit fir nozedenken, also maachen mer et...
Wou ass d’Grenz tëscht Liewen an Doud? Keng Ahnung! Wei konnt aus engem Planéit, op deem et kee Liewen gouf, Liewen entstoen? Idem, keng Ahnung. Mais et gëtt verschidden Theorien, déi lo hei net weider wärten opgefouert ginn, well dat net d’Thema ass.
Ier mer lo weiderfueren awer nach eng kleng Fro, léiwe Lieser: Ier däin Papp deng Mamm befrucht huet (ey, wat ass dat dach sou schéin poetesch ausgedréckt, do kritt een richteg Loscht sech fortzepflanzen...sorry, bad joke) an doraus dann deng éischt Zell entstanen ass (jo, mir bestinn deelweis aus eisem Papp an deelweis aus eiser Mamm...op alle Fall kuerz no eiser Zeugung, nodeems d’Nuebelschnouer duerchtrennt ass ännert dat sech, da ist man was man isst), wat war’s de do? War’s de iwwerhaapt? Wisou këmmeren mer eis ëm den Doud, an net ëm dat, wat virdrun mol war?
Back to the Théma: Wa mer wëlle wëssen, wat den Doud ass, musse mer mol domat ufänken, wou alles ufänkt: Mam Schluss!



A. Wou ass d’Grenz?

Wei gesot, mir wëssen net genau, wou d’Grenz tëscht dem Liewen an dem Doud ass (oder wann mer et mëttlerweil erausfonnt hunn, huet nach kee mer Bescheed gesot). Offiziell sinn mer doud, wann eist Gehir 3 Minutten laang net méi oxygenéiert ginn ass, d.h. 3 Minutten nodeems d’Häerz opgehalen huet ze schloen. D’Häerz pompelt jo d’Blutt weider, an wann d’Blutt net méi fléisst, kennt kee Sauerstoff an d’Gehir. No 3 Minutten ouni Sauerstoff fiert dat dann lues a lues futti an dann ass een net méi ze retten (mä vu dass mer all stierwen, sinn mer souwisou iwwerhaapt jeemools rettbar gewiescht?). Dat nennt een den klineschen Doud. 
Firwat stierwen mer iwwerhaapt? Ass et, wei oft gesot gëtt, well een d’Saachen net genéissen kéint wann een wéisst, dass een éiweg dovun profitéieren kéint? Nee, d’Welt ass jo net geschaf ginn fir eis als Amusement ze dengen. Mier stierwen, well mer domat Platz fir déi nei Generatiounen maachen. Wisou maachen mer deenen Platz? Well dee Moment nei genetesch Kombinatiounen kennen ausprobéiert ginn an d’Art sech un d’Welt kann upassen, an doduerch besser Chancen huet ze bestoen. Ass dat net schéin? Mier sinn eigentlech, laut dëser méi biologescher Opfaassung, Vecteuren, fir Genen ze verbreeden... Wa mer net géifen stierwen, géif eis Spezies zimlech schnell zimlech inadapteiert ginn an mir hätten schlecht Chancen fir z’iwwerliewen. 

B. Den Doud als philosophesche Problem

Lo as et awer sou dass vill Leit e Problem mam Doud hunn. Verschidden Philosophen mengen souguer, dass eist Liewen nëmmen e Sënn kann hunn, well et iergendwann eng Kéier ophält. Ech muss soen, ech gesinn den Zesummenhang do zwar net (wisou soll eng Saach, déi onendlech wär, sënnlos sinn??). Op alle Fall ass den Doud e grousse Problem, net just well eist Liewen iergendwann eng Kéier eriwwer ass, mä och well dat vun deenen Mënschen, déi eis eppes bedeiten, och emol eriwwer ass. Do kommen dann Froen op nom Sënn vum Doud, wisou grad déi Persoun gestuerwen ass (oder “huet missen stierwen”), op et eppes dono gëtt (komescherweis interesséiert sech keen fir dat wat virdrun war), an sou weider. Net just dat, mä eis Opfaassung vum Doud gëtt eisem Liewen och e Sënn. Wann fir mech d’Liewen nom Doud eriwwer ass (ok, d’Liewen ASS nom Doud eriwwer), wann ech also dovun ausginn, dass et kee Liewen nom Doud gëtt, dann sinn ech relativ fräi an dëser Welt ze maachen wat ech fir richteg halen. Wann et net nom Doud eriwwer ass, dann stellen ech mäin Liewen op dat an, wat dono kennt. Fir en Chrëscht ass et d’Ziel, an den Himmel ze kommen, d.h. déi ganz chrëschtlech Moral ass dorop hin fixéiert. Ween sech net wei e gudde Chrëscht behellt gëtt bestrooft, déi aner ginn belount. Idem fir e gudden Vikingerkrieger. Laut deenen sinn d’Krieger, déi Courage bewisen hunn, an Valhalla komm, wou dann Dauerparty mat de Götter war.
Natierlech kann een sech hei d’Fro stellen: “Wou kommen d’Leit nëmmen dorop, ze mengen, dass et nach eppes nom Doud gëtt???”. Besonnesch dass et relativ offensichtlech ass, dass sou Virstellungen oft dozou dengen, déi Lieweg ze motivéieren, sou oder sou ze handelen an net anescht, aus Angscht virun Bestrofung. Et wär z.B. schlecht virstellbar, dass e Chrëscht fräiwëlleg leiden géif (fir säi Liewen sou vill wei méiglech no deem vu sengem Christus z’orientéieren), wann en net dofir belount géif ginn. Wann een also drun gleeft, dass een nom Doud belount gëtt wann een sech a sengem Liewen zwéngt ze leiden, obschonns een et net misst, dann geet dat vill méi einfach, wann een drun gleeft, dass et dono eng “bonne note” dofir gëtt. Sou Gedanken kennen och Leit tréischten, deenen et schlecht geet, an déi keng Chancen gesinn, fir hier Situatioun ze veränneren. Déi kennen dann Trouscht dra fannen, dass se an der nächster Welt e bessert Liewen kennen feieren, respektiv, am Fall wou se ënnert dem Doud vun enger Persoun un där se houngen, kennen se sech drop freeën, déi Persoun erëm ze gesinn no hirem eegenen Doud. 
Do stellt sech dann och d’Fro, wisou mer net massenhaft Suicide beginn, well mer dann jo bei all deenen Leit landen géifen, déi mer verluer hunn...Respektiv musse mer eis d’Fro stellen, wisou een sech dës Welt iwwerhaapt nach undeet, wann een an déi nächst kéint kommen, an déi am Verglach en Paradies soll sinn?
Mais iergendwéi schéngt de Mënsch net wëllen ze stierwen...Vill hunn der souguer Angscht virum Doud. Wisou? Gutt Fro...mir hunn jo Angscht virun deem, wat mer net kennen. An mir kennen den Doud net...keen deen Doud war ass zréck komm, fir eis ze zielen wei et ass...Dofir hunn mer dann och deementspriechend vill Angscht. 
Mais, wei schon den Epikur sot, et brauch een keng Angscht virum Doud ze hunn, och wann een en net kennt. Angscht ass irrational, an dofir verwäerflech (laut dem Epikur, Angscht ass meeschtens en Zeechen, dass een soll oppassen, an domat net verwäerflech. Wee keng Angscht huet, ass schnell doud...Ween Angscht huet, soll drop lauschteren, mä sech net dovun lähmen loossen!). 
Gutt, et kéint een nach extrem vill zum Thema hei soen, mä dat géif wahrscheinlech zimlech technesch ginn an deementspriechend oninteressant fir Leit déi net grad dat studéieren, dofir ginn mer amplaz en klengen Trip maachen...bis an d’Hell!

part 2: Afterlife

Thomas





| | zréck


blog comments powered by Disqus