Film: Inception | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Inception

Inception (2010) – Regie: Christopher Nolan
 
Den an England gebuerene Regisseur Christopher Nolan gehéiert mëttlerweil zu den ganz groussen Nimm an Hollywood. Typesch fir seng Filmer ass, dass den Nolan se ongär an genau chronologescher Reiefollege erzielt (Following, Memento) an esouguer an sengen fantasteschen an Action-Filmer den Schwéierpunkt op d'psychologesch Déifgrënn vun sengen Protagonisten leet (The Dark Knight, The Prestige). Besonnesch mat The Dark Knight loung en genau richteg an huet amerikanesch Blockbuster-Geschicht geschriwwen. Dat huet him genuch Budget abruecht fir Inception ze dréien, mä sympatescherwais bleift den Nolan zum Deel bescheiden: seng éischt Film-Entwerf entstinn bäi him doheem an der Garage...
 
Normalerweis ginn ech am zweeten Abschnitt vun mengen Filmkritiken en klengen Abléck an d'Story. Hai gëtt dat zimlech komplizéiert. Während dem Film ass een haaptsächlech domadder amgaang en ze verstoen (soulaang een net iergendwann opgëtt). Hai mol en Versuch wei ech dat ganzt gesinn hunn: Et geet ëm en Spiounen-Team, wat mat Hëllef vun engem komeschen Equipement sech an Dreem vun aneren oder hier eegen kennen aschleisen, wou se dann Geheimnisser aus der déifster Psyche kennen klauen, woubäi se oft en Dram an engem Dram gestalten, oder souguer en Dram an engem Dram an engem Dram an engem Dram, wat d'Hëllef vun „Architekten“ erfuerdert, déi dat Ganzt wie en Labyrinth mussen gestalten, awer ni no enger Plaatz déi et wierklech gëtt, fir geféierlech „Projektiounen“ ofzehalen, déi wei Anti-Kierper funktionéieren, mä stierwen kann een souwisou net, just d'Gehirzellen kennen gebrutzelt ginn, mä awer och nëmmen wann d'Dreem wei Etagen opgebaut sinn, an...
You get the point.


 


D'Geschicht ass an dësem Fall net onbedéngt sou komplizéiert geroden fir mangelnd Kreativitéit ze verstoppen. Am Géigendeel, d'Dreihbuchschreiwer hunn sech Méi ginn eng komplex Idee opzestellen, déi och Sënn ergëtt. Mee fir déi dem Publikum verständlech ze man geet och eng Längt vun 148 Minutten net duer. Schafft een et awer sech während dem Film eng Grondvierstellung vun allem ze maachen, kann Inception während puer Zeenen och spannend sinn, ier et rëm méi duercherneen gëtt.
 
Och wann et vun der Story hier méiglech gewiergt wier, verzicht Inception op verréckten Fantasiewelten. 'Dreem sinn steril, staark „architektonesch“ an zum Deel realitéitsbezunn. Doduerch änelt en staark aneren Agenten-Thriller (Bond lässt grüßen), just dass deen hei mat Sci-Fi-Elementer gespickt ass. Computertechnesch mëscht den Film eng fir allemol kloer: d'Illusiounen hunn Perfektioun erreecht.
 
Duerch d'Starangebot, den Numm vum Regisseur an genuch Reklamm wäert et schwéier falen, dësen Summer bäi schlechtem Wieder laanscht dësen Film ze kommen. Op een elo d'Stir wei kritt vun Ustrengung alles ze verstoen, direkt apennt an sech seng eegen Dreem zesummenspennt, oder op een awer alles duerchkuckt an erkennt dass et dat dach schon alles an The Matrix gouf, ass jidderengem selwer iwwerlooss. En oninteressanten Film ass Inception awer net.
 
- Cédric





| | zréck


blog comments powered by Disqus