Film: Up In The Air | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Up In The Air

Up In The Air (2009) – Regie: Jason Reitman

Up In The Air ass deen drëtten Film vum Jason Reitman, engem Regisseur, deen den Public bis elo ëmmer iwwerzeegen konnt. No Thank You For Smoking an Juno widmet hien sech erëm enger Persoun, déi duerch en besonnescht Schicksal oder en besonneschen Beruff opfält.

Den Ryan Bingham (gespillt vum George Clooney) verdéngt nämlech seng Suen domat, ronderëm d'Welt ze reesen an Leit matzedeelen, dass se entlooss sinn, well sech den richtegen Chef net traut et selwer ze soen. Am Film flitt een nom aneren raus. Domat ass den Film an senger Thematik zu den Zäiten vun der Rezessioun sou aktuell wei et nëmmen geet. En aneren aktuellen Sujet deen opgegraff gëtt ass deen vun den neien Kommunikatiounsméiglechkeeten. Sou geréit grad den Ryan säin Job duerch eng nei technesch Method an Gefor, déi et erméiglecht, Leit per Webcam ze entloossen. Den Ryan, deen dat villt Reesen mam Fliger an säin ongebonnent Liewen iwwer alles schätzt, decidéiert d'Managerin vum Webcam-Projet mat op seng Reesen ze huelen, fir dass déi en Abléck an seng Aarbechtswelt gewënnt. Dat ass awer bäi wäitem net deen eenzegen Problem am Liewen vum Ryan. Hien gëtt mat weideren, och familiären Aufgaben konfrontéiert...



Trotz villen Story-Elementer an engem flotten Tempo wierkt den Film zu kengem Zäitpunkt iwwerlueden, am Géigendeel: alles bleift kloer an verständlech. Den Stil vum Reitman ass onverkennbar. Och dësen Film huet rëm en perfekt Spill mat der Kamera, vill Charme, super Dialoger an Witz. Do klengt et schon bal paradox, dass d'Atmosphär vun Up In The Air éischter traureg an deprimant ass. Zum Schluss, an dat kann een dem Film vläit reprochéieren, gëtt an amerikanescher Hollywood-Manéier d'Moral gesot, dass och eng verlueren Aarbecht net dat schlëmmst ass, soulaang een d'Wäermt vun senger Famill huet. Mee den Zuschauer weess, dass et net ganz sou einfach ass. Nodenklech mëscht den Film jiddwerfalls.

Schauspilleresch, inhaltlech an cinematographesch ass Up In The Air en klengt Meeschterwierk ginn. Dem Film ass duerchaus ze wënschen, dass en den 7. Mäerz puer Oscaren mat Heem hellt. À recommander.

Cédric





| | zréck


blog comments powered by Disqus