Tea time! | Philo, Artikel | brainfood

Tea time!

Huet d'japanesch Téi-Zeremonie Chado en Ziel?

Ween sech nach net laang mat taoisteschen oder zen-buddhisteschen Gedanken beschäftegt huet, kéint dozou verleet sinn, Sënn mat enger Zilsetzung gläichzestellen. Eist Denken ass gewinnt, sech zielgeriicht ze verhalen, eng kloer an riicht Linn ze zeien, déi sech ëmmer vun engem Ausgangspunkt zu engem Endpunkt ausdehnt, an beschtefalls raimlech, wei och zäitlech déi kierzten Distanz am iwwerdroenen Sënn ze brauchen schéngt.
Wann mer eis awer méi no mat dem Chado beschäftegen, an et ethymologesch méi genau ukucken, sprengt eis déi méi déif Bedeitung vun der Téizeremonie an d'Aen, déi nämlech den „do“, also den Wee, sënnhaft bestëmmbar mëscht. Wat net heescht dat domat een poulriichten Wee gemengt ass. (Linearitéit ass der zen-buddhistescher an taoistescher Philosophie géigeniwwer gestallt.)



Den Chado, den „Do“ („Wee“) vum „Cha“ (Téi) huet also keen Ziel, dat iergendwann kann erreecht ginn. Et ass scheinbar paradoxerweis ee Wee, deen zwar enger Vollendung entgéintgeet, am Wëssen, se ni ganz ze erreechen, mä sech ëmmer just méi no drun ze kommen. Och wann een sou der Erliichtung zimlech no ka kommen (de japaneschen Satori-moment), kann et net als „Ziel“ duergestallt ginn.
Op deem Wee ass et also wichteg, d'Onvollkommenheet ze ëmäermelen, se als Deel vun sech selwer unzegesinn an ze verstoen. Deen Quantesprong vum Bewosstsinn ass initial an wahrscheinlech fir d'westlecht Denken ongewinnt. Et wier awer vun Virdeel, wann mir westlech Mënschen sech neien Iddien géingen opmaachen, fir vläicht e puer weider Schrëtt kennen ze maachen, déi eis aus eisem materialisteschen Denken bëssen eraushiewen. Cheers.

-Pascal





| | zréck


blog comments powered by Disqus