Schoul, Erzéiung an Educatioun | Schoul, Educatioun, Artikel | brainfood

Schoul, Erzéiung an Educatioun

1. Konzepterklärung
D’Wuert “Schoul” kennt aus dem Griichesche “scholē“, wat “Fräizäit” bedeit. D’Griichen hunn Schoul net als Arbescht betruecht; fir si war Arbescht verpöhnt, och wann se noutwenneg war. An hiren Aan huet Arbescht een dovun ofgehalen, säin Geescht weider entwéckelen ze kennen. Dat konnt een nëmmen an der Fräizäit maachen, well een do eben Zäit haat fier ze leieren. De Konzept vun “scholē” huet also wéineg mat eisem Konzept vun Fräizäit ze dinn, deen oft mat “Entertainement” gläichgestallt gëtt.
D’Schoul huet also, wann et och net ëmmer kloer betount gëtt, als Hannergrondidée, dass se de leirende Mënsch soll dozou verleeden, sech geeschtlech weiderzebilden.
D’Wieder “Erzéiung” an “Educatioun” reflektéieren dat och.
“Er-zeien” bedeit, dass een een aus sech selwer rauszitt an him bestëmmte Saache well bäibréngen, déi et him erlaben, an der Gesellschaft eenz ze ginn an sech an se z’integréieren. Duerch Erzéiung gëtt een also un eng Gesellschaft ugepasst, an et leiert een awer och sech doran eremzefannen an domat eenz ze ginn. Meeschtens passéiert Erzéiung net an der Schoul, am Beräich vun der Erzéiung fanne mer Elementer rëm, déi ee vun doheem aus schon mat op de Wee kritt (Manéieren, de richtegen Ëmgang mat anere Leit, bestëmmte Wäerter, etc.), an dat Material gett dann dono an der Schoul weiderentwéckelt.
D’Wuert “Educatioun” bedeit op Latäin “eraus feieren” (e-ducere, wou den “e” souvill bedeit wei “raus” (den “e” as eng aner Form fir “ex”, dat een och a “Exit”, also “Ausgang rëmfënnt”, an “ducere” bedeit “feieren”). Educatioun bedeit also, dass een e Mënsch aus sech selwer wëllt rausfeieren, fier dass hie kann Distanz par rapport zu sech a senger Emwelt gewannen, an doduerch besser iwwert sech nodenke kann. Duerch Educatioun soll een also bestëmmten intellektuellan physesch Fäegkeeten entwéckelen, déi engem erlaben, als Mënsch ze wuessen.
E Wuert dat och an dësem Kontext wichteg as, as Enseignement. “Enseigner” bedeit, säin Sigel op eppes pressen. Enseignement as also och e Prozess duerch deen de leirende Mënsch un eng Gesellschaft ugepasst gëtt an hiren kulturelle Stempel opgedeckt kritt. Doduerch kritt een e bestëmmte Bagage vu Wëssen, vu Kompetenze mat op de Wee, déi engem hëllefe sollen, säi Liewe kennen ze “maachen”.

2. Wisou iwwerhaapt Schoul?
Kéinte mer net op Schoul verzichten? As net villes vun deem, wat een an der Schoul leiere muss, iwwerflësseg? Dat si Froen, déi een oft heiern muss...an déi oft rethoresch gemengt sin.
Als klengt Kand leiert een (normalerweis) an der Famill schon bestëmmte Saachen (goen, schwätzen, sech behuelen), mais et kann een do och net alles leieren. Elteren hunn oft d’Zäit net, fir déi Roll z’iwwerhuelen, déi d’Schoul normalerweis kritt, an och net all Mënsch ka studéiere goen oder as studéiere gaangen. Aus deem Gronn as et natierlech praktesch, wann déi Leit, déi sech intellektuell weidergebilt hunn hiert Wëssen kenne weiderginn, an dat an engem Format wou een net pro Schüler ee Proff brauch ze hunn. Dat Format as bei eis eben d’Schoul. An enger Gesellschaft wei eiser, déi et sech leeschte kann, d’Majoritéit vun de Leit an d’Schoul ze schécken, as dat dann och kee Luxus, mais während Joerdausende war Schoul eppes, wat nëmmen en Privileg fir eng kleng Minoritéit vu Mënsche war. D’Schoul produzéiert keen direkte Räichtum. Wann also d’Mëttele fehlen, fir sech eng Schoul kennen ze leeschten (an hiren Ënnerhalt ze finanzéieren), da gëtt an aner Saachen, déi déi direkt Besoin’en decken, investéiert. Schoul as also op eng bestëmmten Art e Luxus, well net all Mënsch d’Mëttelen huet, fir an d’Schoul ze goen.
Wisou awer Schoul? Ganz einfach, well Schoul spezialiséiert Wësse ka vermëttelen. Mais brauche mer dat Wëssen iwwerhaapt? Déi Fro ze beäntweren as schon méi komplizéiert, well dat wat een am Liewe brauch (oder mengt ze brauchen) oft och vun de sozio-kulturellen Ëmstänn ofhängt. Déi Fro kann een sech awer oft nëmme stellen, wann ee genuch weess, fir iwwerhaapt kennen iwwert se nodenken. An dat as eben d’Roll vun der Schoul, nämlech de Schüler bestëmmte Saache mat op de Wee ze ginn, déi hinnen am Laf vun hirem Liewen et erméigleche wäerten, sech an hier Ëmwelt a Fro ze stellen AN d’Äntwerten ze sichen. Wann een nämlech net genuch Informatiounen huet, kann een eng Saach nëmme ganz schwéier a Fro stellen, well ee jo spontan net drun denkt dass et och anescht kéint goen, well ee jo net weess dass et anescht geet. A wann een Informatiounen huet, muss een och nach mat deene kennen ëmgoen an doriwwer nodenken, wat och nëmme méiglech as, wann een en kritesche Geescht entwéckelt huet. An en kritesche Geescht entwéckelt een nëmmen, wann een sech mat aneren Ideeën an Informatiounen ausernee setzt an sech a Fro stellt. D’Schoul huet eben déi Fonctioun, Informatiounen an Denktechniken ze vermëttelen, déi ee soss wahrscheinlech ni geleiert hätt.
Wat mer genee an der Schoul leieren, an op dat alles noutwenneg as, hänkt och vum sozio-kulturelle Kontext of, an deem mer eis grad befannen. Mais egal wei, déi wichtegst Hannergrondidée bleift d’Autonomisatioun vum Schüler.
D’Schoul muss also en Spagat vollbréngen, si muss op der enger Säit sech selwer an dat wat se vermëttelt hannerfroen an op der anerer Säit muss se awer och ebe grad decidéieren, wat se vermëttelt a wei se dat mëscht.

3. Upassung oder Emanzipatioun?
D’Idee dass een ugepasst soll ginn huet fir vill Leit en negative Bäigeschmaach. Déi meescht Leit wëlle fräi entscheede kennen, wat se maachen a wat se aus sech maachen. Wann een de éischte Punkt liest, kéint een awer mengen, dass d’Schoul nëmmen dofir do wär, e Mënsch un “seng” Gesellschaft unzepassen. Als Mënsch wielt een sech seng Gesellschaft net raus, an dohier kéint een sech dann d’Fro stellen, aus weiengem Recht aner Leit decidéiere wat mir bäibruecht kréie sollen. Net just dat, mais dat wat een als Kand bäibruecht kritt bestëmmt jo och de Charakter, wat bedeit dass ier mer iwwerhaapt fäeg sinn doriwwer nozedenken op mer et gutt oder schlecht fannen, wat mat eis passéiert, mir schon ugepasstgi sinn.
Dat klengt extrem fatalistesch, as et awer net onbedéngt. Natierlech kann all Institutioun, déi de Mënsch erschaaft, mëssbraucht gin. Mais op der aner Säit kann se awer och positiv Auswierkungen hunn.
Am Idealfall soll eng Schoul e Mënsch fäeg maachen, säi Liewen esou ze feieren, wei hien et fir richteg hält. Fir dat Resultat z’erzielen, gëtt an der Schoul enseignéiert an edukeiert, an och mol erzunn.



De Problem bei där Saach as eben, dass fir iwwerhaapt alles a Fro kennen ze stellen an fir iwwerhaapt mol kennen nozedenken an net just ze denken, muss ee Mënsch d’Mëttele kréien, fir dat ze maachen. Am Laf vu senger Schoulcarrière gëtt de Mënsch da fäeg, nozedenken. Et kritt een nämlech genuch Informatiounen, fir Distanz par rapport zu sech selwer kennen ze huelen a fir sech a Fro ze stellen. Aus deem Grond soll jo d’Schoulcarrière net just en Wee vun A op B sinn, mais eng Perioden an där een erwuesse gëtt (d.h. selbstänneg an autonom).
An do as dann en interessante Konzept, nämlech d’Autonomie. Autonomie bedeit, dass een sech selwer d’Gesetz gëtt, d.h. dass een seng Entscheedunge selwer trefft. Mais fir dat kennen ze maachen, hu mer grad gesinn, muss een duerch eng Phase goen, wou een leiert, wei een iwwerhaapt Entscheedungen treffe kann a weieng Méiglechkeeten et iwwerhaapt gëtt. Dat as also eng Phase vun Heteronomie, d.h. wou een aneren engem d’Gesetz gëtt.
An dat as eppes, wat oft vergiess gëtt. Eng Schoul as en Instrument, et as eng Institutioun, déi eng Gesellschaft erschaaft, fir eng bestëmmte Missioun z’erfëllen. Déi Missioun as awer och vun där Gesellschaft bestëmmt ginn, d.h. d’Schoul kann net an engen ensemble vide fonctionnéieren. Se muss noutwendegerweis ëmmer an engem bestëmmte Kontext stattfannen, et geet eben net anescht. Dat as jo dat wat fatalistesch klengt...mais et awer net muss sinn! D’Schoul gëtt engem jo bestëmmte Wäerter, Informatiounen a Fäegkeete mat op de Wee, mais, wann se dann och richteg edukeiert, gëtt d’Schoul engem och d’Méiglechkeet mat op de Wee, alles dat a Fro ze stellen an sech seng eege Meenung zu deene Saachen ze bilden. Bref, d’Schoul soll am Idealfall d’Autonomie förderen (d.h. Educatioun), mais awer och d’Liewen an enger Gesellschaft erméiglechen (d.h. Enseignement), wat vu wäitem paradoxal ka wierken.

4. Remarques conclusives
Natierlech däerf een net vergiessen dass d’Schoul “nëmmen” eng Saach as, déi vum Mënsch erschafe ginn as, an doduerch dann och, fir et e bësse simplistesch auszedrécken, net perfekt as (well se net perfekt ka sinn, wei d’Sprachwuert Irren ist menschlich eis jo ëmmer rëm probéiert kloer ze maachen). Schoul bedeit mental Weiderentwécklung, an Entwécklung bedeit Verännerung, wat eppes as wat de Mënsch vun Natur aus net gär huet, well et ongemittlech as.
Op alle Fall, wann der doriwwer nodenkt (an net just drun denkt), wei et an der Schoul war (oder, falls der nach Schüler sidd, as), denkt drun, dass et eent vun den Zieler vun der Schoul as, dass d’Mënsche selbstverantwortlech an autonom kenne sinn, an dass een ouni d’Schoul vill manner Méiglechkeeten am Liewen hätt. Wat een awer mat deene Méiglechkeeten ufänkt, dat as jidderengem seng eege Verantwortung!

Thomas





| | zréck


blog comments powered by Disqus