Film: Toy Story 3 | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Toy Story 3

Filmkritik Toy Story 3 (2010) – Regie: Lee Unkrich

(Ier mer mam Wesentlechen ufänken, fir d'éischt mol eng perséinlech an langweileg Anekdot, déi ech well lassginn, an déi een gären iwwersprangen kann: Matt Toy Story huet fir mech alles ugefaang. Et war deen éischten Film, deen ech iwwerhaapt am Kino gesinn hunn... Naja, just bis zur Halschent, dunn krut ech ze vill Angscht an misst aus dem Sall. Op Kassette nokaf hat ech dunn Courage genuch en ganz ze genéissen an et ass direkt (an ass et wahrscheinlech nach haut) mäin Lieblingsfilm ginn.)

Toy Story vun 1995 war net nëmmen deen éischten Film vun der Entreprise Pixar, mä iwwerhaapt deen éischten kompletten Kinos-Spillfilm an CGI (Den Steve Jobs, Matgrënner vun Pixar, hat domat säin éischten Succès gefeiert). Och wann d'3D-Grafiken vun deemools haut längst iwwerholl sinn, waren d'Léift zum Detail an der Animatioun revolutionär. Cleveren Humor, vill Uspillungen an Raffinessen hunn dofir gesuergt dass Toy Story net nëmmen déi Kleng ugesprach huet. 2005 gouf den Trickfilm an d'National Film Registry opgeholl an gehéiert laut dem American Film Institute zu den 100 beschten amerikaneschen Filmer. Och d' Fortsetzung vun 1999 gouf vum Public an den Kritiker gefeiert. Pixar, déi eigentlech ongäer Sequels man, trauen sech dëst Joer d'Spillsaachen nach eng letzte Kéier aus dem verstëbste Regal ze huelen...




Fir déi di d'Virgänger gesinn hunn fänkt den drëtten Deel mat engem groussen Schock un: d'Joeren sinn och am Toy Story-Universum vergaangen. Den Spillsaachenbesetzer Andy ass elo Teenager an mëscht sech prett fir de College. Fir all seng Spillsaachen bleift do wéineg Plaatz. En Liichtbléck fir den Buzz, Slinky an Co ass den Fait dass se an der Crèche Sunnyside ënnerkommen. Mee den Numm vun där Plaatz ass net onbedéngt Programm...

Iwwerhaapt erliewen d'Protagonisten eng Enttäuschung no där anerer, souguer en richtegt Endzeitszenario gëtt net ausgelooss. Dat mëscht den Toy Story 3 liicht méi düster wei Nummer 1 an 2, besonnesch fir déi Kleng. Gott säi dank bleift den gelongenen Humor awer net aus, mat villen Uspillungen un déi Aventuren vun virdrun. D'Animatiounen an d'3D-Grafiken sinn perfekt. Et ass schon beandrockend, dass en Plastik-Cowboy aus dem Computer op der Leinwand méi schauspilleresch Leeschtung bréngt wei reell Acteuren hautjesdaags (Ween ass schon méi den Tom Cruise? Adam Sandler?).

Pixar huet et rëm geschafft fir en perfekten, qualitativen Animatiounsfilm mat villen Highlights an neien, witzegen Charakteren ze schafen. Matt Toy Stroy 3 ass eng vun den beschten Filmtrilogien ofgeschloss. Hoffen mer trotzdem op weider Wierker vun deem Kaliber...to infinity and beyond!

- Cédric





| | zréck


blog comments powered by Disqus