brainfood
à consommer sans modération.
Moien, mir kachen brainfood (mat léift). Emmer méi fresch.

Joshi Gottlieb

Anne Wang

Jonathan Levi

Stephan Polet

Cédric Kieffer

joshi
Joshi Gottlieb, nice to meet you. Ech sinn den Webdesigner, Graphikdesigner an Sound-engineer vun brainfood, wann also eppes op brainfood.lu net geet, as dat meng Schold. Niewent den techneschen Saachen moderéieren ech gären Podcasten oder posten d'Rubrik Gebeess voll. Ech interesséieren mech fir Wëssenschaften, Konscht a Literatur, spillen jazz Guitar, huelen gären Fotoen, reesen gär, schreiwen (éischter schlecht) Gedichter an Kuerzgeschichten an bastelen gär um Computer. Niewenbei sinn ech op enger Section B am Lycée zu Iechternach (dem Stephan sein Bänknoper).


joshi@brainfood.lu (I love e-mail)
facebook
twitter
tumblr blog
flickr

17573_1310795288182_1179602342_30960886_7620449_n
Hello =]
Wéi meng 3 Jongen hei sin ech och am Iechternacher Lycée, op enger A sectioun. Do versteht et sech natiirlech vum selwen dass ech eng Schwächt fir Literatur hun. Ech liesen vill a gären, an schreiwen och selwer. Zousätzlech beschäftegen ech mech gären mat Philo an Konscht (am léifsten selwer gemaach, och wann et oft näicht gett). Ausserdem spillen ech Pipa, ass net schlemm wanns de dat Instrument net kenns, kanns mech jo froen falls et dech interesséiert ;) Natiirlech sin ech och en typescht Meedchen, gin gären schoppen an schwetzen vill, heinsdo villäicht e bessen ze vill... mee iergenstwei muss ech mech jo teschend dem ganzen Testosteron hei duechsetzen.

anne@brainfood.lu

5768_1207596348094_1174255941_30641996_5955484_n
Moien, ech sin den Jonathan, bon, och Johnny genannt, mach einfach wéis du wells, ok?
Also; ech intresséiere mech immens vill fir Informatik (haaptsechlech Apple Geräter: iPhone, Mac, iPod...), an spillen leidenschaftlech gäeren Musek (ech spillen Batterie an Latin-Percussion), haaptsechlech Jazz, Funk, Latin... Ech liesen och gäeren Bicher, am léifsten geschichtlech Romaner, well ech mech och immens vill fir Geschicht intresseieren. Nach vill Spaass mat brainfood!


jonathan@brainfood.lu
myspace.com/iphonefreaky
twitter.com/jonathan199levi
Stephan Polet
E wonnerschéine gudden Dag,
ech sinn den Stephan an ginn an den Iechternacher Lycée.
Ech intresséieren mech fir sämtlech Arten vun Konscht, och wann ech an kenger wierklech begaabt sinn (which is a shame of course), mat speziellem Hang zur Musek (spillen Trompett an sinn en Fan vu sämtlechen gudden MusekerInnen) an expressiven Kuerzfilmer mat deenen ech och d'Rubrik ''Gebeess'' wäert fëllen...
Weiderhin ginn meng Intressien Richtung Philo(sophie), Politik an Ethnologie, wat och déi Beräicher sinn an deenen der wäert am meeschten vun mir héieren hei op brainfood...
Sou! Lo lauschtert mol äifreg Podcast fir dass der mental grouss an staark gitt ;)


stephan@brainfood.lu
ech
Ahoihoi, ech sinn den Cédric Kieffer an zoustänneg fir d'Filmkritiken hei op Brainfood. Meng Passioun gelt also, wei onschwéier ze erroden ass, dem Medium Film - op ech elo an den Kino ginn, mer eng DVD anschmäissen, selwer zur Kamera gräifen oder aus Frust aner Filmer kritiséieren, wann et mat mengen Projeten net klappt. ;)
Och ech sinn nach zu Iechternach am Lycée, wou ech op der Konschtsektioun hocken. Niewebäi interesséieren ech mech ënnert anerem nach besonnesch fir Musek, klimperen gären op der E-Guitar oder besichen Concerten.

cedric@brainfood.lu