Colbert for President | Artikel, Politik, Gesellschaft | brainfood

Colbert for President

Sou, lo ass et rëm geschitt. Net nëmmen am gudden alen Europa hunn d’Leit Krämpes, Politiker eescht ze huelen, wann se vum bien commun schwätze, mais och an anere Länner kennt et fir.
Gëschter huet den Stephen Colbert an senger Show annoncéiert, hien kéim an de Sondagen virun verschiddenen Kandidaten vun der republikanescher Partei an den USA. An haut...nee, kuckt Iech et selwer un, et dauert just 10 Minutten.

Lo stellt sech natierlech d’Fro: Wat wär, wann een hei zu Lëtzebuerg op d’Idée géif kommen, dat selwecht ze maachen?
A wa verschidden Leit sech lo d’Fro stellen, wei ee Komiker sou arrogant ka sinn, sech fir sou eppes opzestellen, musse mer deenen net äntweren, dass een sech froen misst, wei wäit et mat der Politik komm ass, dass souguer Komiker sech et iwwerhaapt leeschte kenne, sou eppes duerchzezéien… De Colbert ass jo net deen éischten, de Coluche hat sech jo och schonn opgestallt (an et ass leider e Camion dotescht komm...), mais ëmmerhin… wou soll dat nëmmen hinféieren…
Sou, wou fannen ech elo een, dee mer d’Gesetzer vu Lëtzebuerg kuerz a knackeg erklärt…?

- Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus