Film: Alice In Wonderland | Filmkritik, Artikel | brainfood

Film: Alice In Wonderland

Alice In Wonderland (2010) – Regie: Tim Burton

Tim Burton + Johnny Depp + Helena Bonham Carter + Danny Elfman + Handlung an engem fantasteschen Milieu... Eng Formule, déi schon fir vill Filmer benotzt gouf. Eigentlech kann dobäi jo net méi vill schif goen, soulaang een eppes mam Tim Burton sengem Stil ufänken kann. Mee wei vill Burton stiecht dann elo an dësem Wunderland? An „schmaacht“ en Film iwwerhaapt nach, wann déi selwecht Ingrédient'en ëmmer rëm benotzt ginn?

Fir trotzdem neien Schwong an d'Buchvierlaag ze bréngen, hellt sech den Burton d'Fräiheet, eng ganz nei Story ze erfannen. Bei him kennt een 19-Joer aalt Alice zréck an d'Wonderland (am Film ass eigentlech vum Underland riets, en klengen, düsteren Touch) fir alen Bekannten géint den Terrorregim vun der Red Queen ze hëllefen, obwuel et dat ganzt ufanks fir en Dram hält an sech un näischt méi erënneren kann. Mee grad déi Story ass eng grouss Schwächt vum Film. Dat Wesentlecht gëtt an den éischten Szenen am Wonderland schnell an rasch erklärt, an bis zum Showdown kommen dann méi Froen wei Spannung op, op een déi zwee Alice-Biicher elo gelies huet oder net.

D'Charakteren hunn oft keen richtegen Zesummenhang ënnerteneen oder mat der Geschicht, verschiddener sinn souguer komplett iwwerflësseg. Bis op puer Ausnahmen wei den March Hare behuelen se sech vill ze besonnen am Verglach zum eigentlech ausgeflipptem Buch an dem Burton sengem verréckten Stil. Souguer den Johnny Depp als Mad Hatter ass optesch tip top ëmgesat, mä schauspilleresch wiesselt en just zwëschen sengen Duerstellungen vum Sweeney Todd an vum Willy Wonka hin an hier.



Gutt gelongen ass den Decor. Och wann schätzungsweis 90% dovun digital um Computer erstallt ass, ginn phantasievoll Landschaften an Kostümer presentéiert. Den Tim Burton zitéiert sech dobäi gären selwer, ze gesinn zum Beispill un verschiddenen Beem an un enger Wandmillen, déi staark un Sleepy Hollow erënneren. Ganz sou düster wei an deem Film gëtt et awer beim Alice net.
D'3D-Versioun verstäerkt den Effet vun der Landschaft net besonnesch, déi zousätzlech Euroen um Ticket kann een sech spueren.

Alice in Wonderland ass en méi schwaachen, mäe keen schlechten Film vum Tim Burton ginn, deem et einfach un Charme an iwwerzeegender Handlung fehlt. Meng perséinlech Lieblings-Adaptatioun vum Lewis Carroll sengem Buch bleift weiderhin den Disney-Zeechentrickfilm, sou drogenverherrlechend deen och stellenweis ass.

- Cédric


| zréck |
blog comments powered by Disqus