brainfood - alles

Film: The Dark Knight Rises

blogEntryThumbnailvum Cédric | De ville Fans vum Superhero-Genre ginn dëse Summer vill Grënn zougeheit, sech virun der Sonn ze verstoppen an sech an en donkelen Kinossall ze verschanzen.alles gesinn...
Comments

Film: Jonas

blogEntryThumbnailvum Cédric | "Stell dir vor, es ist Schule, und du musst wieder hin." – sou den Slogan zum Film. An genau dat passéiert hei dem däitschen Allround-Talent Christian Ulmen.alles gesinn...
Comments

Film: The Girl with the Dragon Tattoo

blogEntryThumbnailvum Cédric | Kann een eng berechtegt, wäertvoll an onparteiesch Filmkritik zum US-Remake vun der Stieg Larsson-Verfilmung The Girl With The Dragon Tattoo schreiwen wann een weder d'Bicher gelies, nach déi schwedesch Original-Verfilmungen gesinn huet an niewebäi souwisou Fincher-Fetischist ass? D'Äntwert: Nö!alles gesinn...
Comments

Colbert for President

blogEntryThumbnailvum Thomas | Net nëmmen am gudden alen Europa hunn d’Leit Krämpes, Politiker eescht ze huelen, wann se vum bien commun schwätze, mais och an anere Länner kennt et fir.alles gesinn...
Comments

Scratch one for the good guys?

blogEntryThumbnailvum Thomas | Lo as et passeiert...erem een Diktator manner. (Dëse Blogpost ass den Dag selwer gepost ginn.)alles gesinn...
Comments

When push comes to shove...

blogEntryThumbnailvum Thomas | Et schéngt mer, wei wa mer vun enger Krise an déi nächst trëllen géifen.alles gesinn...
Comments

Wieler-Blues

blogEntryThumbnailvum Thomas | D’Wahlen sti rem virun der Dier...an et interesseiert anscheinend zur Ofwiesselung net wierklech iergendeen. Mech och net.
alles gesinn...
Comments

Film: Horrible Bosses

blogEntryThumbnailvum Cédric | D'Komedie Horrible Bosses gëtt vun där enger Säit vun Kritiker zerstéiert, vun där anerer applaudéiert.
alles gesinn...
Comments

Television Rules the Nation.

blogEntryThumbnailvum Chris | Wa Frënn mech an de leschten zwee bis dräi Méint gefrot hunn, ob ech e rezente Film scho gesinn hunn, war meng Äntwert ëmmer e bestëmmt: “ech interesséiere mech net méi fir Filmer.” Natierlech ass dat eng Ligen. Mä déi kleng Wourecht, déi an all Ligen stécht, kéint an dësem Fall dorop zeréck ze féiere sinn, dass déi grouss narrativ Meeschterwierker an de leschten Joeren ëmmer méi seelen um groussen, an dofir ëmsou méi dacks um klengen Ecran ze fanne sinn.alles gesinn...
Comments

Super 8

blogEntryThumbnailvum Cédric | Ohio, 1979: En Grupp vun monteren Kanner aus enger gemittlecher Klengstad wollten eigentlech just en Low-Budget Zombie-Film fir en Festival fäerdeg stellen.alles gesinn...
Comments

Vierbildlech Viergesetzter?

blogEntryThumbnailvum Thomas | De Bill Clinton ass bal am Kader vun der Lewinsky-Affaire “impeached” ginn, den Nixon huet missen wéinst dem Watergate zrécktrieden, de Mitterand hat eng onehelech Duechter, de Schwarzenegger ass net just de Papp vun de Kanner vun senger eegener Fra, a mir dierfen eis hautdesdaags d’Fro stellen op Leit wei den DSK oder den Berlusconi iwwerhaapt eppes an der Politik verluer hunn. Déi grouss Fro ass nämlech, op Politiker mussen moralesch irreprochabel sinn!alles gesinn...
Comments

Film: Jackass 3D

blogEntryThumbnailvum Cédric | Jackass, en kontroverst TV-Format vum Sender MTV, mellt sech no 8 Joer Paus zeréck. Dës Kéier sinn d'kënschtleresch Aktiounen ronderëm den Johnny Knoxville an seng Kollegen op der Leinwand ze bestaunen. An wei et den Trend momentan sou well, an 3D.alles gesinn...
Comments

Film: Toy Story 3

blogEntryThumbnailvum Cédric | Toy Story vun 1995 war net nëmmen deen éischten Film vun der Entreprise Pixar, mä iwwerhaapt deen éischten kompletten Kinos-Spillfilm an CGI (Den Steve Jobs, Matgrënner vun Pixar, hat domat säin éischten Succès gefeiert). Och wann d'3D-Grafiken vun deemools haut längst iwwerholl sinn, waren d'Léift zum Detail an der Animatioun revolutionär. Cleveren Humor, vill Uspillungen an Raffinessen hunn dofir gesuergt dass Toy Story net nëmmen déi Kleng ugesprach huet. alles gesinn...
Comments

Zen.

blogEntryThumbnailvum Pascal | Während der japanescher Téizeremonie ass een wuel um Ufank vun deem wat do passéiert total ageholl, mat allen Sënner; souwuel als Beobachter, wie och als Zeremonienmeeschter. No joerelaanger Praxis verännert sech déi eegen Siicht, woubäi een selwer, als Uwesenden, sou eng geréng Roll anhëllt, ouni dësen Zoustand mühseeleg ervirzebréngen, sou dass d'„Maachen“ seng ur-eegenst Bedeitung erlaangt.alles gesinn...
Comments

Film: Inception

blogEntryThumbnailvum Cédric | Den an England gebuerene Regisseur Christopher Nolan gehéiert mëttlerweil zu den ganz groussen Nimm an Hollywood. Typesch fir seng Filmer ass, dass den Nolan se ongär an genau chronologescher Reiefollege erzielt (Following, Memento) an esouguer an sengen fantasteschen an Action-Filmer den Schwéierpunkt op d'psychologesch Déifgrënn vun sengen Protagonisten leet.alles gesinn...
Comments

Tea time!

blogEntryThumbnailvum Pascal | Ween sech nach net laang mat taoisteschen oder zen-buddhisteschen Gedanken beschäftegt huet, kéint dozou verleet sinn, Sënn mat enger Zilsetzung gläichzestellen. Eist Denken ass gewinnt, sech zielgeriicht ze verhalen, eng kloer an riicht Linn ze zeien, déi sech ëmmer vun engem Ausgangspunkt zu engem Endpunkt ausdehnt, an beschtefalls raimlech, wei och zäitlech déi kierzten Distanz am iwwerdroenen Sënn ze brauchen schéngt.alles gesinn...
Comments

Fussball

blogEntryThumbnailvum Thomas | Wisou iwwerhaapt vun Fussball schwätzen? Jiddereen (oder bal) weess wat et ass, souguer déi Leit déi dat mam Abseits ni richteg verstanen hunn...De sprangende Punkt ass dass Fussball un sech e Spill ass, mä e Spill dat weltwäit Milliounen vun Leit unzitt, e Spill dat och e Marché huet deen sech a Milliounen voir Milliarden vun Euro chiffréiert, d.h., e Spill dat méi ass wei just e Spill...alles gesinn...
Comments

Film: Kick-Ass

blogEntryThumbnailvum Cédric | Adaptatioune vu Superhelden-Comics wuesse jo an de letzte Joeren ongebremst aus dem Nährbuedem Hollywood, ob elo Fantastic Four oder dee gefilltenen 53sten X-Men-Film. An bal zäitgläich mat Iron Man 2 ass elo och d'Verfilmung vun den Kick-Ass-Comics an eisen Kinoen ze gesinn. An net nëmmen Comic-Geeks wäerten hei hier Freed hunn. Well Kick-Ass trëtt dem Superhelden-Genre an aneren Klischeeë kräfteg an den A****.alles gesinn...
Comments

Wäerter...

blogEntryThumbnailvum Thomas | Därf ech meng Werter exporteieren oder imposeieren? A Frankräich as viru kuerzem d’Fro rem opgeworf gin, op een d’Undoen vun der Burqa oder dat vun dem Niqab an der Öffentlechkeet verbidden sollt oder net. Dei Fro as d’Resultat vun engem Kontakt tescht verschiddenen Kulturen, dei offensichtlech net einfach sou mateneen kennen koexisteierenalles gesinn...
Comments

Film: Alice In Wonderland

blogEntryThumbnailvum Cédric | Tim Burton + Johnny Depp + Helena Bonham Carter + Danny Elfman + Handlung an engem fantasteschen Milieu... Eng Formule, déi schon fir vill Filmer benotzt gouf. Eigentlech kann dobäi jo net méi vill schif goen, soulaang een eppes mam Tim Burton sengem Stil ufänken kann. Mee wei vill Burton stiecht dann elo an dësem Wunderland?alles gesinn...
Comments

Souvill Cliché’en!

blogEntryThumbnailvum Thomas | Viru kuerzem (den 8ten März) war erëm den Weltfraendag. Kee weess genau ëm wat et do geet (ech éierlech gesot och net, bis dass ech mol nokucken war), mais en ass anscheinend ëm den éischten Weltkrich entstanen fir fir Gläichberechtegung an Wahlrecht fir Fraen ze suergen.alles gesinn...
Comments

Film: Up In The Air

blogEntryThumbnailvum Cédric | Up In The Air ass deen drëtten Film vum Jason Reitman, engem Regisseur, deen den Public bis elo ëmmer iwwerzeegen konnt. No Thank You For Smoking an Juno widmet hien sech erëm enger Persoun, déi duerch en besonnescht Schicksal oder en besonneschen Beruff opfält. alles gesinn...
Comments

Film: Zeiten ändern dich

blogEntryThumbnailvum Cédric | Den Bushido, ee Rapper deen säin Bekanntheetsgrad duerch gewaltverherrlechend, vulgär, fraen- an homosexuellenfeindlech Songs erreecht huet. En Rapper deen no ëffentlechen Optrëtter an Interviews op der Televisioun zu braven an deelweis interessanten Lyrics fonnt huet. En Rapper deem säin Liewen elo vum Uli Edel (Der Baader Meinhof Komplex) verfilmt gouf.alles gesinn...
Comments

Film: A Serious Man

blogEntryThumbnailvum Cédric | D'Groussmeeschter vum Absurden, d'Gebridder Ethan an Joel Coen, schreiwen, produzéieren an dréien zënter 1984 zesummen Filmer. Wat stécht also elo hannert engem Coen-Film, deen sech A Serious Man nennt?alles gesinn...
Comments

Den Doud - Deel 2

blogEntryThumbnailvum Thomas | D’Liewen nom Doud ass eigentlech d’Liewen nom Liewen...an d’Liewen virum Liewen ass rëm dann och Liewen...D.h. mir liewen virum Liewen an nom Liewen liewe mer nom Doud...Bon, loosse mer d’Wuertspillereien op der Säit.alles gesinn...
Comments

Den Doud

blogEntryThumbnailvum Thomas | Den Doud ass dat, wat nom Liewen kennt. Wat dat genau soll sinn, weess keen sou genau. Sou ongeféier kéint een déi ganz Problematik hei resuméieren. Leider ass et rëm eng Kéier net sou einfach.alles gesinn...
Comments

Film: Avatar

blogEntryThumbnailvum Cédric | Den James Cameron mellt sech zeréck, an dat 12 Joer no sengem letzten groussen Blockbuster Titanic. An wat en dem Public dës Kéier ënnert dem Titel Avatar presentéiert, ass matt [300 Milliounen] deen deiersten produzéierten Film iwwerhaapt.alles gesinn...
Comments

Homosexualitéit

blogEntryThumbnailvum Thomas | Homosexualitéit, wei den Numm et schon seet (gr. homo = dat selwecht, an lat.sexus = dat männlecht oder dat weiblecht Geschlecht), ass eng sexuell Orientéierung, déi mëscht, dass een vun Leit déi dat selwecht Geschlecht hunn wei een selwer ugezunn gëtt. 
Et gëtt extrem vill Nuancen an der Sexualitéit...alles gesinn...
Comments

Ongerecht...

blogEntryThumbnailvum Thomas | Vill Leit, wann se net dat kréien, wat se gär hätten, fannen dass se ongerecht behandelt ginn (wuelverstanen, si hunn näischt gemaach, fir dat ze kréien, wat se gär hätten). Hunn sou Leit Recht? Ginn se ongerecht behandelt? Oder as hier Reaktioun einfach nëmmen kannereg?alles gesinn...
Comments

Fräiheet!

blogEntryThumbnailvum Thomas | Wann et Feierowend as, dann menge mer, mer hätten fräi. Wa mer eng Entscheedung treffen kennen, da menge mer, mer wären fräi... Mais sinn mer et wierklech? alles gesinn...
Comments

Schoul, Erzéiung an Educatioun

blogEntryThumbnailvum Thomas | D’Wuert “Schoul” kennt aus dem Griichesche “scholē“, wat “Fräizäit” bedeit. D’Griichen hunn Schoul net als Arbescht betruecht; fir si war Arbescht verpöhnt, och wann se noutwenneg war. An hiren Aan huet Arbescht een dovun ofgehalen,säin Geescht weider entwéckelen ze kennen. Dat konnt een nëmmen an der Fräizäit maachen, well een do eben Zäit haat fier ze leieren. De Konzeptvun “scholē” huet also wéineg mat eisem Konzept vun Fräizäit ze dinn, deen oft mat “Entertainement” gläichgestallt gëtt.alles gesinn...
Comments