Filmkritik
Film: The Girl with the Dragon Tattoo
27/01/12 02:08
vum Cédric | Kann een eng berechtegt, wäertvoll an onparteiesch Filmkritik zum US-Remake vun der Stieg Larsson-Verfilmung The Girl With The Dragon Tattoo schreiwen wann een weder d'Bicher gelies, nach déi schwedesch Original-Verfilmungen gesinn huet an niewebäi souwisou Fincher-Fetischist ass?
D'Äntwert: Nö!alles gesinn...Comments
Film: Horrible Bosses
14/09/11 17:36
vum Cédric | D'Komedie Horrible Bosses gëtt vun där enger Säit vun Kritiker zerstéiert, vun där anerer applaudéiert.alles gesinn...
Super 8
16/08/11 20:50
vum Cédric | Ohio, 1979: En Grupp vun monteren Kanner aus enger gemittlecher Klengstad wollten eigentlech just en Low-Budget Zombie-Film fir en Festival fäerdeg stellen.alles gesinn...Film: Jackass 3D
08/11/10 19:14
vum Cédric | Jackass, en kontroverst TV-Format vum Sender MTV, mellt sech no 8 Joer Paus zeréck. Dës Kéier sinn d'kënschtleresch Aktiounen ronderëm den Johnny Knoxville an seng Kollegen op der Leinwand ze bestaunen. An wei et den Trend momentan sou well, an 3D.alles gesinn...Film: Toy Story 3
13/08/10 22:46
vum Cédric | Toy Story vun 1995 war net nëmmen deen éischten Film vun der Entreprise Pixar, mä iwwerhaapt deen éischten kompletten Kinos-Spillfilm an CGI (Den Steve Jobs, Matgrënner vun Pixar, hat domat säin éischten Succès gefeiert). Och wann d'3D-Grafiken vun deemools haut längst iwwerholl sinn, waren d'Léift zum Detail an der Animatioun revolutionär. Cleveren Humor, vill Uspillungen an Raffinessen hunn dofir gesuergt dass Toy Story net nëmmen déi Kleng ugesprach huet. alles gesinn...Film: Inception
26/07/10 16:52
vum Cédric | Den an England gebuerene Regisseur Christopher Nolan gehéiert mëttlerweil zu den ganz groussen Nimm an Hollywood. Typesch fir seng Filmer ass, dass den Nolan se ongär an genau chronologescher Reiefollege erzielt (Following, Memento) an esouguer an sengen fantasteschen an Action-Filmer den Schwéierpunkt op d'psychologesch Déifgrënn vun sengen Protagonisten leet.alles gesinn...Film: Kick-Ass
02/05/10 21:36
vum Cédric | Adaptatioune vu Superhelden-Comics wuesse jo an de letzte Joeren ongebremst aus dem Nährbuedem Hollywood, ob elo Fantastic Four oder dee gefilltenen 53sten X-Men-Film. An bal zäitgläich mat Iron Man 2 ass elo och d'Verfilmung vun den Kick-Ass-Comics an eisen Kinoen ze gesinn. An net nëmmen Comic-Geeks wäerten hei hier Freed hunn. Well Kick-Ass trëtt dem Superhelden-Genre an aneren Klischeeë kräfteg an den A****.alles gesinn...Film: Alice In Wonderland
27/03/10 22:35
vum Cédric | Tim Burton + Johnny Depp + Helena Bonham Carter + Danny Elfman + Handlung an engem fantasteschen Milieu... Eng Formule, déi schon fir vill Filmer benotzt gouf. Eigentlech kann dobäi jo net méi vill schif goen, soulaang een eppes mam Tim Burton sengem Stil ufänken kann. Mee wei vill Burton stiecht dann elo an dësem Wunderland?alles gesinn...Film: Up In The Air
22/02/10 15:14
vum Cédric | Up In The Air ass deen drëtten Film vum Jason Reitman, engem Regisseur, deen den Public bis elo ëmmer iwwerzeegen konnt. No Thank You For Smoking an Juno widmet hien sech erëm enger Persoun, déi duerch en besonnescht Schicksal oder en besonneschen Beruff opfält. alles gesinn...Film: Zeiten ändern dich
20/02/10 14:12
vum Cédric | Den Bushido, ee Rapper deen säin Bekanntheetsgrad duerch gewaltverherrlechend, vulgär, fraen- an homosexuellenfeindlech Songs erreecht huet. En Rapper deen no ëffentlechen Optrëtter an Interviews op der Televisioun zu braven an deelweis interessanten Lyrics fonnt huet. En Rapper deem säin Liewen elo vum Uli Edel (Der Baader Meinhof Komplex) verfilmt gouf.alles gesinn...Film: A Serious Man
07/02/10 20:05
vum Cédric | D'Groussmeeschter vum Absurden, d'Gebridder Ethan an Joel Coen, schreiwen, produzéieren an dréien zënter 1984 zesummen Filmer. Wat stécht also elo hannert engem Coen-Film, deen sech A Serious Man nennt?alles gesinn...Film: Avatar
04/01/10 15:14
vum Cédric | Den James Cameron mellt sech zeréck, an dat 12 Joer no sengem letzten groussen Blockbuster Titanic. An wat en dem Public dës Kéier ënnert dem Titel Avatar presentéiert, ass matt [300 Milliounen] deen deiersten produzéierten Film iwwerhaapt.alles gesinn...