Souvill Cliché’en! | Gesellschaft, de Mënsch, Artikel | brainfood

Souvill Cliché’en!

“Mais tout de suite on retrouve un message du ministère du meilleur ami de l’homme, j’ai nommé le ministère de la femme.“ 
Fatal Bazooka aus dem Lidd C’est une pute
(a fir déi Leit déi Problemer mam Franséischen hunn: den meilleur ami de l’homme ass normalerweis den Hond, net d’Fra...)

Viru kuerzem (den 8ten März) war erëm den Weltfraendag. Kee weess genau ëm wat et do geet (ech éierlech gesot och net, bis dass ech mol nokucken war), mais en ass anscheinend ëm den éischten Weltkrich entstanen fir fir Gläichberechtegung an Wahlrecht fir Fraen ze suergen.
D’Thema klengt e bëssen ausgeleiert, mais iergendwéi ass et et net wierklech, well een ëmmer rëm feststelle muss, dass dat Rollendenken, dat net grad ëmmer fir Gläichberechtegung oder Gläichbehandlung gesuergt huet, net ganz ausgestuerwen ass. Besonnesch bei der Jugend mengen ganz vill Leit ëmmer méi, d’Fra wär just en Objet an de Mann misst en männlechen Macho spillen, wat jo net direkt der Realitéit entsprécht, mais da schon erëm schéin Konflikter erahnen léisst. Iergendwéi leieren d’Mënschen net aus hiren Fehler...Tjo, hin oder hier, let’s do this!

I. Cliché et compagnie

Männer sinn Jäger, Sammler, si sinn ënnerwee an der Welt an suergen fir d’Famill, mussen kämpfen, etc. Ongeféier sou kann een, krass resuméiert, d’Bild skizzéieren, dat vill männlech homo sapiens sapiens vun sech selwer hunn. De Mann muss e Bringer sinn. 
Fraen dogéint sinn douce, bleiwen doheem, schnëssen vill, ënnerstëtzen de Mann mais exposéieren sech selwer net souvill de Geforen vun der Welt. De Mann muss d’Fra beschützen, etc., well en méi staark ass, méi grouss, méi resistent, bla bla bla...
Männer sinn am Duerchschnëtt méi grouss wei Fraen. Ass de Fait dass een méi staark ass wei deen aneren e Grond firwat dee Staarken dee Schwaachen muss beschützen? Leider menger der vill, dass dat sou misst sinn, wat dann och a Bevormundung ausaart. 
Männer solle jo relativ simpel sinn (schwanzgesteiert) an Fraen sollen jo anscheinend vill méi sensibel sinn...och rëm e super Cliché...Mier Mënschen denken jo gär an Cliché’en, well et d’Liewen méi einfach mécht, mais et ass net ëmmer förderlech. Wou de Mann als primitiven onsensiblen Primat duergestallt gëtt, huet d’Fra et och net ëmmer einfach. Entweder et ass eng Mamm (d.h. onbefleckt a reng), eng Fra (d.h. nach ëmmer moralesch wäertvoll mais sexuell aktiv, an dofir net méi sou reng wei d’Mamm) oder eng Houer (well se sexuell aktiv ass mais net aus reproduktiven Ursaachen)...toutes des putes, sauf ma mère, wei et sou schéin op Franséisch gesot gëtt.
Fraen sinn moralesch verwäerflech (d’Eva huet den Adam jo dozou verfouert, an den Apel ze bäissen...woops, Moment, liesen mer d’Bibel...oh...do steet awer lo näischt, wat direkt no Verféierung klengt...an et war och keen Apel, mais d’Fruucht vum Wëssen iwwer Gutt a Schlecht...d.h. d’Fra ass moralesch verwäerflech well se de Mann dozou bruecht huet moralesch kënnen ze denken??? I don’t think so!
Op aneren Platzen gëtt d’Fra vermummt, verschleiert a muss sech dezent undoen (glécklecherweis sinn mer awer aus der Zäit raus wou Fraen keng Boxen hunn dierfen undoen an hier Jupe bis op d’Féiss huet missen erofreechen! An all déi déi lo gemengt hunn, ech géif vun enger bestëmmter Religioun schwätzen, think again, et ass kee reliéisen Phänomen dass d’Fra sech verstoppe muss), well se soss de Mann kéint verfeieren, an hien vum moraleschen Pfad erofbréngen...
Nach e Cliché ass deen vun den Amazoninen, staark Kriegerinnen déi Männer nëmmen fir reproduktiv Zwecker benotzt sollen hunn an dono se ëmbruecht sollen hunn (deemno weieng Legend een grad héiert). Dëse Genre vun Fra gefält engem op Distanz, well se am Fong staark, selbstbewosst an dominant ass...mais gare la mine wann een eng Kéier wierklech sou enger Fra iwwert de Wee leeft, do verléieren ganz vill Leit d’Schlappen well se net dem typeschen Cliché vun der schwaacher Fra entsprécht.

II. Problemer!

Un sech sinn Cliché’en jo kee Problem. De Problem kennt vun de Problemer, déi Cliché’en mat sech bréngen. 

• Ad schwanzgesteiert Männer:

(jo, ech fänke mat de Männer un, dës Kéier kee "ladies first"! Ween e Problem domat huet...vill Spaass!) Ech liesen Bicher iwwert post-national Integratioun well meng Libido mech leedt? I don’t think so! Trotzdem mierken ech dass awer ganz vill méi subtil Deeler vu mengem Charakter oft ausgeblendt ginn welll se net an d’Kategorie “schwanzgesteiert” passen...Soit!

• Ad Fra als douce leif kleng kuscheleg Liewensform:

D’Fra, well se jo beschützt muss ginn, etc., gëtt oft infantiliseiert, d.h. de Mann, wann en erwuessen gëtt, gëtt en fir voll geholl, mais eng Fra gëtt iergendwéi ni ganz eescht geholl. 
Am Interview vun der Sendung “La Matinale” op Canal + vum 8ten März 2010 huet d’Valérie Pecresse (franséisch Ministre de l’Enseignement Supérieur et de la Recherche) fonnt, et géif vill Fraenfeindlechkeet stattfannen an der campagne électorale déi grad a Frankreich leeft.

 

“Je crois que le procès en incompétence, on continue à le faire aux femmes” sot se, an huet dono gesot dass en männlechen Politiker de Präis vum Métro-Ticket net wosst an si sech sécher wier dass wann hier dat passéiert wär, dat si dann massiivst dofir kritiséiert ginn wier an dass behaapt géif ginn, dass Fraen hier Dossieren net géifen kennen (woubäi mer dann dovun ausginn, dass den Politiker en question, den Jean-Paul Huchon, anscheinend net kritiséiert ginn ass).



Fraen kréien oft net déi selwecht Chancen wei Männer, och wann se déi selwecht Rechter hunn, well se als "mostly harmless" duergestallt ginn an och deementspriechend net eescht geholl ginn.

• Ad Fra als moralesch minderwerteg:

Wei schon gesot, et kann een net behaapten (oops...dach, et kann een, mais et ass falsch et ze maachen), dass Fraen moralesch mannerwäerteg sinn well et an der Bibel steet. Et ass och falsch ze behaapten, dass se et sinn, well Männer riskéieren onkeusch Gedanken ze kréien, wann se en weiblechen Kierperdeel gesinn. Wisou ass et un der Fra sech ze verstoppen, an net um Mann sech ze kontrolléieren? Et ass éischter en Zeechen vun moralescher Aarmut vum Mann, dass hien d’Fra verstoppen well fir net vum richtegen Pfad ofgelenkt ze ginn. 
Mais dann kenne mer eis d’Fro stellen: Dee Pfad, deen seet dass dem Mënsch seng Trieber schlecht sinn, ass dat wierklech deen deen mer wëllen goen? Consommer avec modération, jo, ne pas consommer du tout...wtf?
Ech erënneren mech dass virun Joeren d’Édith Cresson, déi éischt franséisch Premierministerin, sot, dass wei Frankräich eppes gemaach huet, fir méi Fraen op Führungsposten an der Politik ze kréien, an dann och méi Fraen hiren Wee op déi Posten fonnt hunn, en männlechen Politiker beim éischten Ministertreffen zu engem Kolleg soll gesot hunn "Voici les vagins!"... d’Remarque seet schon vill doriwer aus, wei réduzeierend verschidden Menschen denken mat Momenter. 
Zum Thema Politik: An der Campagne virun den läschte Wahlen hei zu Lëtzebuerg war ech op eng Konferenz iwwert d’Paritéit Mann-Fra an der Politik hei zu Lëtzebuerg, déi relativ interessant war, mais ech muss soen, si huet mech och e bëssen stutzeg gemaach. Fraen sinn an der Politik manner vertrueden, mais et wär awer noutwenneg, fir d’Bevëlkerung richteg ze representéieren, dass op mannst 50% vun den gewielten Politiker weiblech sinn. Ech verstinn net direkt wisou dat muss sinn? Ass e Mann net amstand, d’Interêten vun de Fraen an der Politik ze vertrieden oder vice-versa? Ass Kompetenz net besser als Critère wei d’Geschlecht vun enger Persoun? 
Ech hat mech zwar schon fierdrun fir sou Problemer interesséiert, mais awer nach net ganz am Detail, dofir hunn ech den Duerchbléck net, mais ech wär frou wann een(t) mer dat mol méi genau kéint erklären...ënner anerem och déi ganz Geschicht firwat een vun Gender an net vu Geschlecht schwätzt...ech hunn zwar e Schimmer, mais wann schon een(t) do ass fir mer d’Saach z’erklären, je suis toute ouïe!

• Ad d’Amazonin:

Vill Männer dreemen jo vun sou enger Fra (d.h. eng staark, déi weess wat se well an net wei en Opfer oder e Kand andauernd beschützt well oder muss ginn), mais wann se bis esou eng Fra fonnt hunn, dann panikéieren se, well se net méi nokommen. Eng schwaach Fra un der Säit ze hunn ass einfach, net ustrengend, de Mann muss sech net permanent a Fro stellen (well Männer stellen sech a Fro, och wann se et net weisen an sech hannert obszöne Witzer verstoppen an dohier schwanzgesteiert wierken kënnen...dier Damen, denkt mol doriwwer no, déi nächst Kéier wou een Typ eng sexistesch Remarque fléien léisst, vläit ass en kee Macho mais just sou schei dass en eppes komplett aneres soen well mais sech net traut!) an dann ass d’Liewen méi einfach. A vu dass d’Fraen oft verklickert kréien, si missten dem Mann dengen (krass ausgedréckt), stellen vill dat net a Fro a frönen brav hirem Opferdasein...
Mais vläit ass dat d’Argument, wisou Fraen sech mussen verstoppen hannert all deenen Kleeder, well de Mann sech dann keng Suergen muss maachen, dass een aneren Mann seng Fra attraktiv fannen kann (well en se jo net gesäit) an dann riskéiert een net se ze verléieren... Moralesch, moralesch...
Bon, ech kann net widderstoen, et ass vläit net grad dat gescheitest wat d’Mënschheet jeemools produzéiert huet, mais dësen Video hei kann een awer och mol zum Iwerléen ureegen...



Sou, wann Iech nach aaner Cliché’en anfaalen oder der nach Saachen bäifügen wëllt, de Knäppchen fir Comments ass ënnen! Mais mir wëllen jo net hei nëmmen op Kritik stoen bleiwen, dat ass einfach, mais och emol Léisunge virschloen, dat ass scho méi produktiv. Also, here it goes!

III. Léisungen?

E gudde Kolleg vu mir mengt, dass weder Männer nach Fraen eng Ahnung hunn, wat et bedeit, Mann oder Fra ze sinn. Freier war et einfach: De Mann geet schaffen, d’Fra bleift doheem hannert de Kachdëppen a këmmert sech ëm d’Kanner a suergt dofir dass alles prett ass wann de Mann owes heemkënnt. Mais vu dass mer mëttlerweil souvill Fräiheeten hunn, weess keen méi wat en domat soll ufänken. Fraen ginn zu Männer, wann se schaffen ginn an Carrière wëllen maachen, an Männer hunn keng Ahnung wat se solle ginn. 
Leisungsmeiglechkeet 1 wär also rëm kloer Rollen anzeféieren, déi un eis Zäit adaptéiert sinn. Mais déi Méiglechkeet gefält mer net, well se Fräiheeten aschränkt, an dann riskéiert, nei Cliché’en ze produzéieren, sou dass an puer Joerzéngten en aneren Mënsch an sengem Blog de Geck iwwert eis maachen kann well mir jo nach ëmmer sou fraefeindlech waren...
Wat mir besser gefält, ass dass een leiert mat der Fräiheet ëmzegoen, an déi dann och sou asetzt, dass et förderlech ass fir all déi Leit déi concernéiert sinn. 
Sou kënnen Mann a Fra sech selbstbewosst begéinen (wat Vertrauensopbau fördert), jiddereen weess wat e well an kann dann och dem aneren kloer Unhaltspunkten ginn an och mat den Wënsch vum Partner besser ëmgoen, an dann kann jiddereen zesummen un enger Léisung schaffen, déi all concernéiert Parteien zefridden stellt. 
Dat ass och eng Léisung, déi fir d’Gesellschaft am groussen ganzen klappt. Si huet de Fierdeel, extrem flexibel ze sinn an Fräiheeten ze loossen, an d’Kommunikatioun an de géigesäitegen Respekt ze förderen. Et klengt vläicht e bëssen abstrakt, mais un sech geet et just dorëms, dass een sech selwer kennenléiert an dann kann een och mol aner Leit richteg kenneléieren. 
Also, Fazit (och wann et lo net d’Welt rett): Schafft un ärem Selbstvertrauen!
An: Dësen Text ass lo vun engem männlechen homo sapiens sapiens geschriwwen ginn, an deementspriechend reflektéiert en dann och en männlechen point de vue vun de Saachen. Et wär interessant wann och mol en weiblechen homo sapiens sapiens sech géif zu Wuert mellen an säin Pefferkär géif bäidroen, sou dass mer e méi komplett Bild vun der Saach hätten!
Good night, and good luck!

Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus