Fräiheet! | de Mënsch, Gesellschaft, Artikel | brainfood

Fräiheet!

Wann et Feierowend as, dann menge mer, mer hätten fräi. Wa mer eng Entscheedung treffen kennen, da menge mer, mer wären fräi... Mais sinn mer et wierklech?
Am Laf vun de Joerhonnerten krut d’Idee vun der Fräiheet ëmmer rëm puer kleng Knacks’en. Mier hunn erausfonnt, dass eisen Heemeschts-Planéit net den Zentrum vum Universum as a mir net d’Kréinung vun der Schöpfung sinn, mais dass et eppes virum  Mënsch gouf an et och eppes dono wäert ginn. Mier hunn erausfonnt, dass eis Vernunft net allmächteg as, mais dass e groussen Deel vu eis duerch eist Ennerbewosstsin bestëmmt gëtt. Mier hunn och erausfonnt, dass egal wat mer maachen, mer ni déi total Kontrolle wäerten kréien iwwert dat wat passéiert (z.B. d’Explosioun vum Reakter vun Tschernobyl...egal wei, déi radioaktiv Wollek, déi bei der Explosioun fräigesaat gouf, hat en Afloss op en groussen Deel vun West-Europa, op d’Leit et wollten oder net).
Am Fall vun der Fräiheet muss een tëscht Autonomie an Hétéronomie ënnerscheeden. Wann ech autonom sinn, ginn ech mir selwer (gr.: auto) meng Gesetzer oder Handlungsnormen (gr.: nomos). D.h. ech sinn autonom wann ech fräi entscheeden kann, a fräi handelen kann. Sinn ech et net, dann sinn ech an enger Situatioun vun Hétéronomie, d.h. een aneren trefft d’Entscheedung fir mech (an ech kann net fir d’Entscheedung verantwortlech gemaach ginn)



1. Fräien Wellen

De Mënsch krut, laut deenen meeschten Reliounen, vu Gott (oder vun de Götter, deemno weieng Religioun een grad betruecht) de fräie Wellen. Dat bedeit, dass de Mënsch Fehler ka maachen, wann en eppes decidéiert, well en et jo fräi decidéiert. Dee Moment as et dann och rechtfertegt, dass de Mënsch fir seng Taten verantwortlech gemaach ka ginn.
 Wann mer de fräien Wellen net hätten, dann wär et jo och ongerecht, dass mer bestrooft géifen ginn fir eppes wat mer net hätten anescht kenne maachen. Wann eisen Wellen net fräi wär, wäre mer moralesch gesinn net besser wei e Computer. Mier géifen einfach dat ausféieren, wat eisen Programm eis zwéngt auszeféieren. De Problem as, dass awer déi Idee, dass de Mënsch e fräien Wellen huet, vun der Wëssenschaft ëmmer méi onplausibel gemaach gouf. Speitstens säit dem Sigmund Freud (Ufank 20. Joerhonnert) as et kloer, dass en groussen Deel vun deenen Entscheedungen, dei mer treffen, guer net bewosst getraff ginn, mais onbewosst.
Mier hunn also iwwert déi meeschten Handlungen, déi mer ënnerhuelen, genee sou vill Entscheedungsfräiheet, wei iwwert z.B. eisen Bols. An et géif jo absurd sinn, wann mer bestrooft géifen ginn, well eisen Bols net genee op 142 Schlei pro Minutt wär...
Do as dann e Problem: Et as offensichtlech, dass dat meescht, wat mer decidéieren, net direkt bewosst vun eis decidéiert gëtt, mais vun eisem Ennerbewosstsin. An aneren Wierder kenne mer net dofir verantwortlech gemaach ginn. Mais wa mer net dofir verantwortlech gemaach kenne ginn (well et jo keng fräi [well onbewosst] Entscheedung wär), kenne mer dann dofir bestrooft ginn?
Treffen ech meng Entscheedung fräi, sinn ech autonom, treffen ech se net fräi, sinn ech an enger Situatioun vun Hétéronomie. D’Welt leeft sou wei wann mer autonom Individuen wären, mais mir sinn et offensichtlech net...oder wann, dann nëmmen ganz wéineg...wei kann do iergendeen nach fir iergendeppes verantwortlech gemaach ginn?

2. Politesch Fräiheet

Dat selwecht gëllt och am soziopoliteschen Beräich. Ech denken vläit, dass ech an engem fräien Land liewen, dass ech och ouni Problem kann an d’Ausland fueren, ouni Kontrollen oder administrativ Demarchen missen iwwert mech ergoen ze loossen. Déi Méiglechkeet huet een net an all Land.
Mais och do gëtt et Grenzen fir d’Fräiheet. Mier kennen z.B. mam Auto fueren, mais mir mussen op der Strooss fueren, mir mussen eis un d’Gesetzer halen, etc.
Bref, d’Gesetzer (déi am politeschen Beräich ausgeschafft ginn, dohier “politesch” Fräiheet) garantéieren eis eng bestëmmten Fräiheet, mais si ginn eis och vill Pflichten an si limitéieren eis Fräiheet och. Ze soen dass mer fräi sinn, well keen eis hënnert dat ze maachen wat mer wëllen, as also falsch. Souguer wann mer de fräien Wellen hätten, kenne mer dat net behaapten. Mier sinn fräi dat ze maachen wat mer wëllen, soulaang mer net aus dem Kader ausbriechen, dee mer vun den Gesetz imposéiert kréien. Mier hunn d’Gefill fräi ze sinn, well mer net d’Gewunnecht hunn, illegal Saachen z’ënnerhuelen. Falls mer dann z.B. e Protokoll kréien well mer falsch geparkt waren, dann spieren mer eis an eiser Fräiheet ageschränkt...an trotzdem, déi Aschränkungen sinn do, fir eis iwwerhaapt och mol Fräiheet z’erlaben. Wat ech engem aneren net däerf undoen, däerf deen mir och net undoen (op alle Fall net an engem Rechtsstat). Hei as et also och net ëmmer kloer wei fräi mer sinn, respektiv wei onfräi...Op alle Fall as dat Gefill vun Fräiheet, dat déi meeschten Leit hunn, falsch. Mier sinn engersäits net sou fräi wei mer mengen (a mierken et net well mer net all Dag schwéier Verbriechen beginn an dofir aktiv a Kontakt mam Gesetz trieden) a mir sinn awer och anerersäits erëm méi fräi wei mer denken (well mer eben net all Dag eis d’Fro stellen, wësse mer am Fong och net richteg, wei wäit eis Rechter ginn).

3. Sënn vum Liewen


Huet d’Liewen e Sënn, huet et keen? Op déi Fro sichen mer hei keng Äntwert. Wat mer awer kenne soen, as dass wann alles fierbestemmt as, dann huet et ee Sënn. Mais fir eis wär et sennlos, well mer dann souwisou net kéinten anescht handelen, well jo schon alles decidéiert as. Dat nennt een Schicksal. Schicksal as déi total Onfräiheet. Iergendeen huet decidéiert, wéini mer op d’Welt kommen, wéini mer dat an dat maachen, wat mer maachen, a wéini mer stierwen.
Net alles muss total fierbestemmt sinn. Leit déi un den Horoskop gleewen, ginn dovun aus (op alle Fall, wann se sou wäit iwwerleeën, missten se dovun ausgoen), dass d’Planéiten en Afloss op eis Existenz hunn, an schon am Virfeld bestëmmen, wei eist Liewen wäert verlafen. Et géif also en Afloss ginn, mais et géif awer och nach Fräiheeten ginn.
Mier kéinten och soen, dass mer net decidéiert hunn, wou mer op d’Welt kommen, op mer männlech oder weiblech (oder soss eppes) wollten sinn, grouss oder kleng wollten ginn, oder ob mer den Gen-Pool vun eisen Elteren wollten ierwen oder léiwer awer dach en aneren. Mier hunn also ganz vill Facteuren aus eisem Liewen net kennen matbestemmen. An awer determinéieren déi Facteuren extrem vill Aspekter aus eisem Liewen. Mier kéinten also soen, dass mer Produkter vun eisem Ëmfeld sinn, déi guer keng Méiglechkeet hun, aus dem Afloss vum Ëmfeld erauszekommen (wann een d’Ëmfeld wiesselt, ersetzt een een Afloss duerch en aneren), oder dass mer nëmmen ganz wéineg Méiglechkeeten hunn, iwwert eis selwer ze bestëmmen.
Dat heescht mir wären och do bal net fräi.

4. In fine

Et kéint een hei nach vill Beispiller opféieren, déi eis weisen, dass d’Fro vun der Fräiheet guer keng sou evident as wei déi meescht Leit mengen (mais as dat net ëmmer sou dass wann een mol luussen geet wei d’Welt fonctionnéiert, dass een dann ëmmer mierkt dass d’Saachen net sou sinn wei mer erzielt kruten dass se wären?).
Op alle Fall werft déi Fro extrem vill aner Froen op:

- Weivill Fräiheet däerf de Staat eis ewechhuelen? Weivill Verantwortung muss de Staat fir eis iwwerhuelen?

- As den Patron vun engem Café dofir verantwortlech, dass seng Clienten sech besaufen (well en Alkohol verkeeft) oder as dat de Problem vun den Leit, déi sech besaufen (well de Patron se jo net zwéngt, him den Alkohol oofzekaafen)?

- Däerfe mer eis Meenung fräi soen, ouni zenséiert däerfen ze gin (d.h. dass jiddereen dann och egal wat däerf zielen) oder muss et Grenzen ginn (z.B. kee Porno op der Telé am freien Mëtten? Rassistesch Aussoen verbidden? Manipulativ Sendungen (wei z.B. Werbung) verbidden oder net?)

- Däerfe mer Triebtäter (d.h. Leit déi hiren Trieben net konnte widderstoen) iwwerhaapt bestrofen? Wei wäit kenne mer iwwerhaapt soen, ob en Triebtäter kann verantwortlech gemaach ginn fir seng Handlungen? Däerf een ee Mensch deen “am Affekt” gehandelt huet genee sou haart bestrofen wei een dee ganz bewosst déi selwecht Saachen verbrach huet?

- Wann alles fierbestemmt as, as net alles dann och egal? Wisou solle mer eis iwwerhaapt nach ustrengen, wann mer souwisou näischt änneren kennen?

Dei Froen sinn all interessant. Wann awer lo een sech seet “Wann dat sou as maachen ech lo wat ech well a plaidéieren dono, ech kéint net fir meng Taten verantwortlech gemaach ginn”, da muss een drop hiweisen, dass déi Froen probéieren ze verstoen, wei d’Welt fonktionneiert, wat hannert de Coulissen passéiert. Mais op ech verléift sinn, well mäin Programm a mengen Gehir mécht dass ech Tendenz hunn mech an e bestëmmten Genre Mënsche ze verléiwen, oder well et Schicksal as, oder well wat och ëmmer, de Fong vun der Saach bleift dee selwechten. Ech weess vläit besser, wisou ech verléift sinn, mais dat entschëllegt net, dass ech dann egal wat maachen an mech drop behaapten, ech kéint net dofir! D’Welt kann sou net fonctionnéieren, oder wann, dann as et schwéier sech fierzestellen, wei et geif ausgesinn, wann mer d’Idée vun Verantwortung géifen ofschafen!
Hin oder hier: hues du dësen Blog-Artikel lo gelies, well et sou bestëmmt war, wells de et net anescht konnts maachen, oder wëlls de et wierklech sou wollts?

Nach e klengen Liestip: D’Kapitel “Dürfen Menschen bestraft werden” am Buch Warum die Kreter lügen, wenn sie die Wahrheit sagen : Eine Anleitung zum Denken vum Stephen LAW kann interessant sinn!

Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus