Fussball | de Mënsch, Sport, Artikel | brainfood

Fussball

I. Wourëms geet et beim Fussball?

Wisou iwwerhaapt vun Fussball schwätzen? Jiddereen (oder bal) weess wat et ass, souguer déi Leit déi dat mam Abseits ni richteg verstanen hunn...De sprangende Punkt ass dass Fussball un sech e Spill ass, mä e Spill dat weltwäit Milliounen vun Leit unzitt, e Spill dat och e Marché huet deen sech a Milliounen voir Milliarden vun Euro chiffréiert, d.h., e Spill dat méi ass wei just e Spill (fir den Direkter vum DFB, den Dr. Theo Zwanziger ze paraphraséieren).

In many towns of Britain, some five or six hundred years ago, the streets would periodically be jammed tight with a heaving mass of young men shoving, kicking and head-butting one another. If you watched long enough, you would probably work out that it was not a fight after all, but some kind of game played between two teams. Somewhere down out of sight there would be a ball being kicked or carried, for this was the true, the original, form of British football. No rules worth mentioning, no limit on the men crazy enough to play for one time or the other.(1)



Fussball huet d’Leit nach ëmmer motivéiert (op alle Fall säit et Fussball gëtt), och wann et net ëmmer déi selwecht Form hat wei elo. Freier war de Ball och net onbedéngt identesch mat deem vun haut, mä en war z.B., falls ech richteg verstanen hunn, och mol einfach eng opgeblosen Schwéngsbloos...Dat klengt net sonnerlech lecker, mä bon, wa mer bedenken dass se virun puer Joerhonnerten Träipen zu Kondomer verschafft hunn oder Liederjacketten oder Lieders-Schong och nëmmen aus verschafftener Haut vun doudegen Deieren besteet, dann réckelt dat ganzt och rëm an eng aner Perspektiv.

So, what is football really about? It’s not actually a battle, but it’s definitely about being Us, not Them, about belonging. Though outsiders could join in, the teams were originally based on where people lived, or what they did for a living – this parish against that parish, people from one end of the town against the other (“uppies” against “downies”), those born north or south of a particular river, farmers against fishermen, sailors against miners. In the Sway or Scrum or Hug (or, in Ankh-Morpork, the Shove) every man’s strength counts, but no man is alone. He Belongs.(2)



Fussball ass faktesch gesinn just e Spill. De Problem ass, dass Mënschen Fakten mat Symbolik lueden, d.h. an den Aen vun den eenzelnen Mënschen ass Fussball méi wei just e Spill. Et gouf emol gesot, Fussball wär Krich, just eben ouni Waffen. Lo wou, Atombomm sei dank, regelméisseg Kricher net méi sou einfach ze starten sinn wei virun 200 Joer, bräichten d’Leit aner Methoden, fir sech d’Käpp anzeschloen, sou ongeféier d’Argumentatioun. D’Idée ass net abwegeg, mä awer och net 100% iwwerzeegend. Fussball ass keng Weiderféierung vum Krich (also vun der Politik) mat aneren Mëttelen, wei de Clausewitz et hätt kennen soen.
Fussball schwätzt eppes vill méi primitives am Mënsch un. Krich ass eppes Institutionelles, Krich muss virbereed’ ginn, geplangt, iwwerwaacht, an verlaangt permanent Iwwerleeën. Krich ass also net onbedéngt eppes extrem Spontanes…oft reegen sech d’Zaldoten jo och op dass wochelaang näischt geschitt an dann op emol explosiouns-arteg eppes passéiert, an dann erëm laang näischt (dat gëllt hautdesdaags och schon vläit erëm manner, wou Krich am Fong permanent ka gefouert ginn, egal op Nuets, am Wanter, oder iwwert immens Distanzen).
Beim Fussball geet et net dorëm, de Feind ze vernichten oder z’eroberen (wat beim Krich awer d’Ziel ass) mä et geet éischter dorëm sech an enger Grupp doheem ze spieren. Par extension leet dat dann och dozou, dat ee probéiert ze weisen, dass ee besser ass wei di aner Grupp, géint déi een untrëtt! Fussball ass also e gutt Propaganda-Mëttel. Ech hunn mer soen gelooss (d.h. ech weess net op et stemmt) dass Nord-Korea, no hirem Match géint Brasilien an der aktueller WM, nëmmen d’Biller vum Goal vun hirer Mannschaft doheem ausgestrahlt huet (an déi 2 Goaler déi Brasilien geschoss huet net ausgestrahlt huet) an dass esou der nord-koreanescher Bevëlkerung verklickert gouf, si wär Weltmeeschter. Do gesäit een, dass Fussball net just e Spill ass, mä dass hei, ob et stemmt oder net, dat Spill och ka gebraucht (mëssbraucht?) ginn, fir politesch Zwecker. Falls Nord-Korea seng Bierger wierklech soll ugeschmiert hunn, dann well de Fussball sou praktesch ass fir dass “Si” sech besser spieren kennen wei den Rescht vun der Welt (d.h. “Mir”).
Wat mech do lo awer och interesséiert ass dat wat mat der Equipe passéiert no deenen 7 Goaler déi se hu missen géint Portugal astiechen (oder ob et stemmt, dass e puer vun den nord-koreaneschen Spiller kuerz verschwonnen waren fir politescht Asyl unzefroen?) Naja, dat sinn alles Saachen, do wäert een souwisou ni wëssen wat richteg a wat falsch ass (leider), mä op alle Fall...wat huet dat mat Fussball ze dinn? Menger Meenung no net ganz vill...an trotzdem sinn se mat Fussball vernetzt...d.h. rëm eng Kéier, Fussball ass méi wei e Spill.
Et gesäit een et jo och bei den Hooligans, fir déi ass Fussball méi en Pretext fir eng Kläpp wei lo onbedéngt en Divertissement. Sou soll et jo Gruppen vun Hooligans ginn, déi sech mat aneren treffen fir sech dann Schluechten ze liwweren, mä an deenen soll et awer och eng Art “code de bonne conduite” ginn, fir ze verhënneren dass ze vill Leit op der Streck bleiwen. D.h. et ass do och erëm méi eng Saach fir ze kucken ween besser ass an net fir ze kucken wéi vill vun “den Aneren“ een eliminéiert kritt.


Uruguay vs. Frankräich, 11 Juni (AP Photo/Julie Jacobson)

As et dann elo sou, dass all Mënsch deen sech fir Fussball interesséiert en communautaristeschen Narzissist ass deen hofft Bestätegung fir d’Iwwerleeënheet vun senger Existenz iwwert déi vun deenen, déi säi Lieblingsclub net ënnerstëtzen, ze kréien? Natierlech net... et gëtt jo och Leit déi kee Lieblingsclub hunn, déi zum Spaass spillen, etc., d.h. et ass onméiglech den Duerchschnettsfussball-consommateur ze definéieren.
Fussball ass eben just en extrem komplexen Phänomen, net just e Spill, a wei all mënschlech Saach huet et verstoppten Säiten vun deenen mer net onbedéngt Wëssen, mä wou et awer mol sech géif rentéieren wann mer méi géifen driwwer nodenken.
Sometimes a cigar is eben just a cigar... mä säit der Lewinsky-Affaire hunn ech Problemer an enger Zigare just eng Zigare ze gesinn... An fir d’Iwwerleeung ëmzedréinen, sometimes football is more than eben only nëmmen football.
Hin oder hier, et geet jo hei net drëm ze bewäerten, mä zum Nodenken unzereegen, dofir ass hei nach e kuerzen Interview mat engem Fussball-Spiller, dat eis weist dass och “sou” Mënschen nëmmen Mënsche sinn, genee wei all déi aner Mënschen (mä wat maachen mer, wann mer bis eng Kéier Chimpansen dozou kréien, Fussball ze spillen...Nei Spezies, neien Blogpost ;-))!
Den Interview hei ass NET erfonnt, mä de Spiller wollt anonym bleiwen, well d’Land eben sou kleng ass... Hmm, vläicht huet hien Angscht, wann hien seng Meenung seet, dass hien dann aus der Gruppe ausgestouss gëtt... Liberté de conscience et de parole, wou sidd Dier nëmmen?

II. En Interview mat engem 27-järege Fussball-Spiller

Thomas: Wat ass Fussball?
Spiller: Fussball ass Religioun!

Wisou?
Fussball soll een net spillen, mä liewen!

Wei liews de dann Fussball?
Ech spillen Fussball an ginn et wieder un déi kommend Generatioun (sou wäit ech kann).


Wei bass de dann dozou komm?
[Den Toun vun mengem Interview-Partner gëtt hei méi sériö wei bei deenen unfänglechen Äntwerten, déi méi ironesch ze huelen sinn]
Ech hu mat 6 Joer ugefaangen. Meng Elteren soten mer “Lo méchs de Sport, entweder Tennis oder Fussball!” Zum Gléck hunn ech deemools keng Raquette doheem fonnt!

A wisou bass de dann beim Fussball bliwwen?
Fussball mécht Spaass, et huet eng sozial Eegenschaft, et bitt Oflenkung vum Alldag, et ass erfolgsorienteiert, du kanns dech mat aneren moossen mä du muss et awer net. Du kanns och spillen just fir ze spillen!

Wat häls de dann vun deem ganzen WM-Tralala?
Et gehéiert dozou! Déi speziell Atmosphäre ass en Ausnamezoustand fir de Fussballfan, eppes wat fir e Fan eigentlech normal ass. Et ass en Héichpunkt!

An déi franséisch Equipe?3
Lächerlech! Erbäermlech! Et weist déi däischter Säit vum Fussball, dass souvill Leit fir d’Milliounen spillen an net wéinst dem Fussball selwer!

Zu weem häls du dann?
Zu Spuenien! Firwat? Wells se menger Meenung no den attraktiven Fussball am Moment spillen. Ech hunn awer kee Problem domat, wann een aneren Weltmeeschter gëtt, wann se iwwerzeegend spillen!

Kenne Fussballer (wei z.B. den Beckham) dann och eng Virbildfonktioun iwwerhuelen?
Wisou net? Den Typ ass erfollegräich, a fir am Fussball erfollegräich ze sinn muss de eng gewëssen Disziplin hunn. En Typ wei de Beckham, en Top-Fussballer, gesäit gutt aus, huet eng flott Frëndin an d’Milliounen an der Täsch! Et ass normal, dass den e Virbild ass!

Dat heescht et geet ëm Ruhm, Sex a Geld am Fussball?
Dat ass dat wat ee well, mä net dat fir wat een spillt...et ass dat wat vill Jugendlecher wëllen. Wat dat d’Motiver sinn firwat ee spillt, da kennt dat dobäi raus, wat een am Moment bei den Fransousen gesäit.

Firwat soll een dann spillen?
Fir Spaass, fir mat Kollegen zesummen ze sinn, a wa méi herno dobäi erauskënnt, ëmsou besser. Wann d’Talent grouss genuch, muss een just nach genuch Disziplin huet fir eppes draus ze man!

Wells du dann Carrière am Fussball maachen?
Dofir ass et ze spéit, mat 27. Wann s de am Fussball wëlls Carrière maachen, dat geet just wann s de méi frei, op Première, dofir entscheeds. Zu menger Zäit gouf et nach keng Fussball-Schoulen. Wann s de et am Fussball wëlls bréngen, muss de d’Opfer bréngen an d’Schoul hannert der loossen.

Deet et der dann Leed dass de dech net fir Fussball entscheed hues?
[Den Interviewten spillt net professionell Fussball, wei der Iech et vläit schon denken kennt, mä huet eng méi regulär Aarbecht als Haapteinnahmequelle]
Nee, absolut net, well ech fir den Spaass spillen, well een och en enger ënneschter Divisoun eenegermoossen erfollegräich ka spillen ouni Milliounen ze verdéngen.

Wei leeft et dann an den Douchen nom Match of?
[Jo, ech weess, et ass net déi typesch Kulturanthropologie-Fro, mä ech hunn de Cliché awer missen uschwätzen]
Dat hues de nach net gesinn [zu engem aneren, deen mengt ze wëssen wei et ofleeft, mä selwer net am engem Fussballclub ass]! Kee Kommentar!

[Den Interviewten gëtt awer der Persoun, déi grad agegraff huet, zou, dass se “Comparaisounen” an den Douche gemaach hunn. Den Satz Mier hunn eng Cobra an der Equipe ass dobäi nach eng vun deenen sittlechsten Aussoen, déi an dësem Kontext falen, woubäi vill anerer Aktivitéiten mat Onomatopéen wei Pätsch, pätsch, pätsch beschriwwen ginn]

Merci fir d’Gespréich!
Merci och!

Voilà, wei der gesitt, déi Persoun seet et jo selwer, Fussball ass primär e Spill, mä eben net just nëmmen e Spill...genee sou wei eng Cobra primär eng Schlaang ass, mä anscheinend awer net just nëmmen eng Schlaang...

Merci fir d’Liesen, an möge der Bessere gewinnen (op alle Fall an der WM)!

- Thomas

1 Terry PRATCHETT & Jacqueline SIMPSON, The Folklore of Discworld, Corgi Books, 2009, S.407
2 Ibid., p.501
3 Desen Interview as den 21ten Juni 2010 gemach gin, do war et nach net secher op een Adieu les Bleus sollt soen oder net...


| zréck |

blog comments powered by Disqus