Film: Horrible Bosses | Artikel, Filmkritik | brainfood

Film: Horrible Bosses

Horrible Bosses (2011) – Regie: Seth Gordon

Wann ee selwer Filmkritiken op den Computerschierm tippt, kënnt een oft net derlaanscht, aner Kritiken am Virfeld ze liesen; an et probéiert een dann méiglechst neutral ze bleiwen an keng vun deene Meenungen eent zu eent ze adaptéieren. Mee et stellt een alt puer Saachen fest. D'Komedie Horrible Bosses zum Beispill gëtt vun där enger Säit vun Kritiker zerstéiert, vun där anerer applaudéiert.

Hei mol kuerz d'Story zesummegefaasst: ganz wei am richtegen Liewen sinn d'Patron'en op der Schaff vun den dräi Protagonisten psychopatesch Sadisten, dominant Nymphomaninnen oder verréckten Kokser. Fir net d'Schlappen ze verléieren, an deem ganzen Wahnsinn op der Aarbecht en Enn ze setzen, gesinn di dräi Männer iergendwann nëmmen nach een Auswee: si mussen hier Patron'en ëmbréngen…

Ech hunn mech gutt amuséiert. Den Film profitéiert zwar net genuch vun senger interessanter Grondiddi; eng sozialkritesch Satire ass net ze erwaarden. Och den schwaarzen Humor ass méi amerikanesch wéi britesch ugehaucht. D'Gags beweegen sech Richtung Hangover. Mee och an deem Genre vun Komedie gëtt et guddes an schlechtes, an am Géigendeel zum Hangover Part II huet Horrible Bosses witzeg Dialoger, keng Längten, an eppes wat een, wann een net ze streng ass, Handlung kann nennen.

Dobäi kennt, dass d'Schauspiller sech anscheinend prächteg amuséieren an doduerch duerchaus akzeptabel Leeschtungen erbréngen. Den Cast besteet souwuel aus bekannten Stars wéi dem Jennifer Aniston, Kevin Spacey an Colin Farell wie och aus momentanen Senkrechtstarter (Den Charlie Day aus It's Always Sunny In Philadelphia).

Horrible Bosses këddelt sécher net d'Gehir, mä dofir d'Laachmuskelen (bäi mir jiddwerfalls), an méi muss een jo net verlaangen, wann een sech just bis kuerz am Kino ënnerhalen loossen well. Villäicht ass et souguer di beschten Komedie fir dest Joer (bis elo). Hannerloosst dach einfach en Comment dozou.

- Cédric


| zréck |
blog comments powered by Disqus