Television Rules the Nation. | Artikel, Kultur | brainfood

Television Rules the Nation.

E Gaaschtbäitrag vum Chris Pesch.

Wa Frënn mech an de leschten zwee bis dräi Méint gefrot hunn, ob ech e rezente Film scho gesinn hunn, war meng Äntwert ëmmer e bestëmmt: “ech interesséiere mech net méi fir Filmer.” Natierlech ass dat eng Ligen. Mä déi kleng Wourecht, déi an all Ligen stécht, kéint an dësem Fall dorop zeréck ze féiere sinn, dass déi grouss narrativ Meeschterwierker an de leschten Joeren ëmmer méi seelen um groussen, an dofir ëmsou méi dacks um klengen Ecran ze fanne sinn. Dass de strukturelle Virdeel, méi kuerz narrativ Programmen unzebidden, fir eng Gesellschaft an där d'Leit et ëmmer méi schwiereg fannen sech länger Zäit ze konzentréieren, bei der Tëlee läit, ass evident. An awer: wéi ech kleng war, huet et geheescht Tëlee géif ee verdomme loossen – hautesdaags gehéiert d'Kenntnis vun deem wat leeft zum gudden Toun.

Dass d'Rezeptioun vun engem ganze Medium sech a kuerzer Zäit a villerlee Hisiicht extrem verwandelt huet, läit net nëmmen dorunner, dass d'Kritiker vun haut selwer domat grouss gi sinn, mä virun allem och un der Tatsaach, dass d'Qualitéit an d'allgemeng kulturell Relevanz vun Tëleesserien haut eng aner ass wéi nach an den 90er. Wéi vill aner Kanner och – och wann kaum een et wëll zouginn – hunn ech e Groussdeel vu menger Kandheet virun der Flimmerkëscht verbruecht. Vun de Saachen, déi ech gekuckt hunn, egal wéi kulteg se sinn, war villes net Kultur mat groussem K. Knight Rider, A-Team a Kommissar Rex si vun all Mënsch verschlonge ginn, eng wesentlech Diskussioun doriwwer misst een allerdéngs net féieren, well et net méi wéi kuerzweileg Ënnerhalung war.

Kuerzweileg Ënnerhalung gëtt et och lo nach genuch: vu CSI bis Two and a Half Men gëtt et genuch Programmen, déi erfollegräich sinn, mä net wierklech meng These ënnerstëtzen, dass d'Medium vun der Tëlee sech an engem gëllegen Zäitalter befënnt. Op der anerer Säit ginn et elo méi Serien wéi soss, déi eben grad iwwer d'Verlaangen all Woch just ze ënnerhalen, erausginn. Wéini déi Entwécklung ugaang ass, ass schwéier ze soen. Sou verféierend et och wier, fir iergendeng Serie oder een Datum als Ufankspunkt ze nennen – sief et elo d'Simpsons oder Buffy The Vampire Slayer, oder soss eppes –, sou denken ech, dass dat um Thema laanscht geet. Vill manner, dass ee Programm eng sech ëmmer weider opbauschend Well ausgeléist hätt, schéngen am Endeffekt wéi ëmmer och finanziell Grënn fir d'Steigen vun der Qualitéit verantwortlech ze sinn.

En anert Beispill wéi Mad Men, déi wuel beschte Serie, déi et momentan gëtt, brauch een net fir fir déi Theorie e Beweis unzetrieden. Mad Men gëtt nämlech wéineg gekuckt an den USA, an Däitschland versauert et op ZDFneo, mä trotzdem sinn AMC a Lionsgate weider drun interesséiert d'Serie weider ze produzéieren. Dat läit net nëmmen un de Präisser, déi d'Serie masseweis ofraumt, mä och un der finanzieller Iwwerleeung, déi dohanner stécht. Mad Men mécht nämlech net wéi d'Traditioun vun der Tëlee et diktéiert Suen duerch Reklammen, mä haaptsächlech duerch DVD- a Bluray-Verkeef a soss Merchandise. Vu dass d'Serie e Publikum cibléiert, deen intelligent, erwuessen a „matten am Liewen“ ass, huet en eng Audience, déi mat manner grousser Wahrscheinlechkeet d'Serie illegal bezitt a méi motivéiert si wäert Suen dofir auszeginn se ze kucken. Mad Men ass haut dat, wat an de 60er a 70er d'Filmer vu Fellini, Bergman a Buñuel waren: e Sammelstéck fir déi gebilten Schichten.

A sou schléisst sech de Krees: d'Qualitéit vun der Tëlee klëmmt doduerch, dass eng nei Schicht vu Spectateuren erschloss ginn ass, déi och dozou bereet sinn selwer Suen an dat ze investéieren wat se kucken. Dass d'Tëlee also dacks d'Qualitéit vum Kino erreecht oder esouguer depasséiert, läit drun, dass de Medium ganz einfach um Punkt ukomm ass, wou en de Kinossystem, zwar net eent zu eent, mä wäitleefeg nomaache kann. Während am Kino d'Qualitéit an der Breet ëmmer méi d'Baach erof geet, well just probéiert gëtt duerch endlos Sequels Geld ze schäffelen, entdeckt d'Tëlee, dass se op déi nämlecht Aart a Weis ka funktionéieren, awer just wann se op Qualitéit setzt. A sou kucke mer haut net méi den Tatort „ironesch“ well soss näischt leeft, mä effektiv well et extrem gutt, an intelligent Ënnerhalung ass – kuerzweileg, mä awer prägnant.

10 aktuell Serien, déi der iech net sollt entgoe loossen: Breaking Bad, Downton Abbey, Friday Night Lights, Game of Thrones, The Good Wife, How I Met Your Mother, Mad Men, Modern Family, Parks & Recreation, Sherlock.

- Chris


| zréck |
blog comments powered by Disqus