When push comes to shove... | Artikel, Gesellschaft | brainfood

When push comes to shove...

Et schéngt mer, wei wa mer vun enger Krise an déi nächst trëllen géifen. Net nëmmen schéngt keen eppes wierklech effektives kennen dogéint ze maachen, mais et kéint een sech och scho bal froen, ob iwwerhaapt een eppes dogéint maache well oder eng Ahnung huet, wat ee maache kéint.

Bref, trotz allem Optimismus gesäit et schlecht aus, d.h. mir kéinte mol ufänke driwwer nozedenken, wat géif passéieren, wann dann och lo alles géif zum Schlëmmsten kommen.

Z.B. den oft erwähnten méiglechen Zerfall vun der EU. Falls déi eenzel Länner sech net net géigesäiteg ënnerstëtzen wéilten, méi national(istesch) denke géifen an dann: Situatioun vun 1914, minus d’Kolonien mais mat Atombommen fir verschiddener...wär net onbedéngt wënschenswäert, well mer dann 100 Joer verplempert hätten.

Eng aner alternativ wär Krich. E gudden klengen Krich wär jo praktesch géint de Chômage; wann mer d’Leit an d’Uniform stiechen hunn se en Job, eng Paye (an eng Waffe) a wa mer dann nach eng Kugel aus der Waffe huelen an an d’Leit stiechen, dann hu mer manner potentiell Chômeuren. Wär natierlech d’Fro, wisou de Krich ausbrieche sollt. Den “Worst-Case”-Szenario, wär dat mer an Europa (plausibiliteits-halber) méi brong Regierungen géife kréien, déi eng Tendenz zu méi simple Léisungen hunn (wisou Leit integréiere wa mer se noutfalls kënne vergasen?) an déi dann op laang bewäerte Methoden zréckgräifen, fir op kuerz Dauer eis Wirtschaft unzekuerbelen. Russland, China, Indien…alles potentiell extern Feinden fir d’Nato oder d’EU…D’Mënschheet huet net op d’Facho’en gewaart fir Krich ze féieren, d.h. et muss net bis zum Riets-extreme komme fir dat et knuppt.

Sozial Onrouen kéinten och ëmmer méi hefteg ginn, respektiv wann d’Staaten weider Steiergelder an Privatunternehmen investéieren, déi d’Gelder vernichten an onwirtschaftlech sinn, mais dofir awer keng Verantwortung iwwerhuelen mussen, dann kéint et och emol rëm zu Révolte kommen. D’Franzousen hunn jo och deemools éischter révolteiert, well se Honger haten an de Kinnek hinnen net géint hiren eidlen Mo gehollef hat, an net, well se d’demokratesch Prinzipien sou flott fonnt hunn. Wann d’Leit fir Prinzipien géifen protestéieren goen (zouginn, et gëtt ëmmerhin sou Leit, déi net just meckeren mais déi och handelen), dann hätte mer dat matkritt.

Wei wär et mat enger Kombinatioun vun allen 3 Fakteueren? Sozial Onrouen an engem Land A, Interventioun vun engem aneren Land B am Land A, d’Onrouen breeden sech aus (z.B. vun A op B an dann op C, a wisou net och op D), a lues a lues gëtt jiddereen mat an den Krich gezunn. Kéint ellen ginn…

Mais bon, wéi komme mer dolaanscht? Iergendwann gëtt et souvill Problemer, déi, fir se friddlech a konstruktiv ze léisen, souvill Gedold an Opfer géifen verlaangen, dass keen dat wëllt op sech huelen…Eis eenzeg Hoffnung wär also eng Klima-Katastrophe, déi d’Mënschheet géif dozou zwéngen, zesummen ze schaffen…oder en Besuch vun enger ausserierdescher Zivilisatioun, déi kéint och vläicht eppes ausléisen…Mais bon, ech weess net op et wierklech sou schlëmm gëtt wei d’Katastrophisten soen, an e Besuch vun Aliens déi eis beim Léisen vun eisen Problemer géifen hëllefen schéngt mer och onwahrscheinlech. Mat e bëssen Chance (a vill Motivatioun) komme mer laanscht eng 1984-ähnlech Zukunft. Bleift just nach d’Fro vum Klima ze regelen a mir kenne Feierowend maachen.

Wat maachen? Nei Ideeën probéieren, an aus der Vergaangenheet leieren. D.h. am Fong nodenken an de Courage hunn, ze handelen...

But first, fir déi negativ Gedanken ze verdrängen, wei wär et mat engem musikaleschen Intermezzo?

- Thomas


| zréck |
blog comments powered by Disqus